Remember Mia – et steet Thriller drop.
De Buchcover gesäit no Thriller aus – de Klappentext léisst eis un een Thriller denken.
Mee tëscht de Buchdeckelen stécht eng gewalteg Portioun Drama.
No engem schwéieren Autosakkzident kënnt d’Estelle an engem Spidol zou sech, hatt erënnert sech un näischt méi – just dass säi Meedchen Mia (7 Méint) scho virum Akkzident aus der Wunneng verschwonnen ass.
Wat ass geschitt?
Am Laf vun der Geschicht léiere mir d’Estelle a säi Mann besser kennen, mir gi gewuer wéi se sech kennegeléiert hunn a wéi hier Bezéiung war.
Schnell ass kloer, dass d’Estelle eng labil Perséinlechkeet ass, hatt huet no der Gebuert keng Bindung zum Bébé opgebaut – mir gi villes aus der Gedankewelt vun enger postnataler Depressioun gewuer.
Et muss schrecklech gewierscht sinn, sech hëlleflos ze fillen – ouni richteg Ënnerstëtzung vum Mann.
Seng Angscht ass gräifbar, d’Gedanken fuerchtbar – a ganz realistesch beschriwwen.
Mir sinn dacks d’Schudderen ausgaangen …
Wat ass mam Mia geschitt?
Huet d’Estelle dem Kand eppes ugedoen?
Säi Mann an d’Polizisten halen hatt fir eng Mäerderin, an enger Spezialklinik gëtt (mat der Hëllef vun Therapie) no sengen Erënnerunge gesicht.
Klärt sech alles op?
Ass hatt wierklech esou mat den Nerven um Enn gewierscht – oder huet een aneren nogehollef, hatt komplett an de Wahnsinn ze dreiwen?
De Schluss ass bombastesch, onerwaart – a richteg thrilleresch!
Op et een Happy-End gëtt, wëll ech Iech net verroden, dat ass souwisou Usiichtssaach.
Allerdéngs gefält mir ganz gutt, dass d’Geschicht nach net ganz fäerdeg ass, nodeems de Fall Mia opgeklärt ass – et gëtt nach ee wichtegen ‚Dono‘.
Remember Mia ass der Autorin hieren Thrillerdebüt, do kann ee just op dat nächst Buch gespaant sinn!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s