Wat mir un dësem Buch richteg gutt gefall huet, war d’Erzielperspektiv, mir liesen alles aus dem Lukasz senger Siichtweis, et huet ee bal d’Gefill, e géif niewend engem sëtzen.
No engem Autosakkzident verännert sech fir hien dat ganzt Liewen, seng Mamm läit am Koma, hien plënnert bei seng Tatta, allerdéngs huet hien nach ni eppes vun där Fra héieren.
Säin neit Doheem ass eng kleng Pensioun, mat engem grousse Geheimnis – wann ee laang genuch un eng Dier klappt, geet se op.
Et ass d’Entrée zu enger anerer Welt, hien nennt se Silberwelt.
Än där Welt ginn et Schlaangevillecher an sëlwereg Ficellen, leider bréngt de Lukasz ee mat an déi richteg Welt.
D’Ongléck hëllt säi Laf …
Et ass ee Kannerbuch – d’Grondstëmmung ass allerdéngs zimmlech däischter an traureg, et gruselt ee sech awer angenehm.
Den Autor beschreiwt d’Geschicht esou detailléiert, dass ee sech alles ouni Problem virstelle kann.
De Schluss war iwweraschend, mat dëser Entwéckelung hätt ech net gerechent, en ass ongewinnt, mä passend bei de Rescht.
Schonn eleng de Buchcover erzielt eng ganz Geschicht, et mécht richteg Spaass d’Buch opzeklappen an eng nei Welt z’entdecken.
Ech hat nach ni esou vill Loscht, ewéi ee Mëllen un eng Dier ze klappen, ewéi no dësem Buch – ech loossen et léiwer sinn, wie weess, wat mech op där anerer Säit erwaart …
D’Buch gouf och verfilmt, ech weess awer net, ob ech de Film kucke wäert – ech wëll mir mäi Kappkino net futti maachen.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s