Lëtzebuerg liest!

Virun e puer Deeg hat ech eng Idee fir een neie Blogartikel – Lëtzebuerg liest!
Ech hunn also ganz vill Maile geschriwwen – an der Hoffnung e puer Réckmeldungen ze kréien.
Et war iwweraschend wéivill Lieser mir zeréckgeschriwwen hunn, ech hu well vill interessant Bicher op meng Wonschlënscht gesat.
Ech hunn hinnen zwou Froe gestallt:

1) Wat liest Dir grad?
2) A wéi gefält Iech d’Buch?

Et si vill Bicher beienee komm – wann Dir méi iwwert d’Handlung gewuer wëllt ginn – ech hu se all verlinkt.

Et ass egal, ob mir Politiker, Schrëftsteller, Schauspiller, Musiker, Journalisten, asw (…) sinn, eis verbënnt dat selwescht – d’Léift zum Buch an de Geschichten.
An dëser technescher Zäit ass dat ee berouegende Gedanken.
Och wann ech heiansdo denken, dass d’Liesen um Ausstierwen ass, dës Ëmfro huet mir d’Géigendeel bewissen.
Et si vill (ganz vill) ënnerscheedlech Bicher zesumme komm, kleng a grouss Texter, mee liest selwer:

Sascha Ley
„Momentan hunn ech „The Hotel New Hampshire“ vum John Irving no enger ganz laanger Zäit nees an de Grapp geholl (des Kéier am Original op Englesch).
Ech sinn e Fan vum Auteur, a sengen besonnesche Figuren an hieren herrlech onkonventionellen Liewensgeschichten an erfreeë mech ëmmer un der gewëssener Anarchie, déi d‘Romaner duerchzitt. (Dobäi mierken ech, dat seng fréier Bicher mech méi begeeschteren, wéi déi lescht Wierker).
Parallel bliederen ech an de frechen Gedichter a Liddtexter vun der éisterräichescher Schauspillerin an Autorin Lili Grün aus den 1930er Joeren an der Sammlung „Mädchenhimmel“. Et ass eng Freed, hei souwuel humoristisch, bäissend an beréierend Texter ze liesen, déi hire Wee an d‘Moderne fannen, andeems se e wonnerbar wakregen an opgekläerte Bléck op Liewen, Sehnsucht a Bezéihunge werfen.“

Daniel Balthasar
Ech liesen ëmmer e puer Bicher gläichzäiteg. Ech hun quasi an all Zëmmer e Buch leien a wann ech grad do sinn an e puer Minuten Zäit hunn, da liesen ech dran.
Dat läscht waat ech grad färdeg gelies hunn as „Vintage“ vum Gregoire Hervier.
Dat war éischter duerchschnëttlech awer mat ville Referenzen op d‘Musek vun den 20er bis 40er Joeren an Amerika. Außerdem vill interessant Anekdoten an Theorien iwwer d‘Entstehung vun legendäre Guitare wéi d‘Gibson Moderne.
Dann hun ech grad „Quality Land“ gelies vum Marc-Uwe Kling.
Een onmoosseg clevert Buch.
Witzeg an erschreckend zugläich.
Dann liesen ech ausserdem grad „Der Vorleser“ vum Bernhard Schlink.
Gefält mir vum Schreifstil bis elo ganz gutt.
Als läscht hun ech „4321“ vum Paul Auster ugefaang.
Allerdéngs hunn ech do nach net wäit genuch gelies fir eng seriö Meenung ze hunn.
An als nächst läit iwrejens „The Outsider“ vum Stephen King op mengem Dësch.

Isabel Spigarelli
„Ech liesen grad „Heimkehr“ vum Thomas Hürlimann an ech sinn bis lo ganz begeeschtert dovunner 😀“

Jean Back
Kafka am Strand vum Haruki Murakami
– Spannend /liest sech flott a mécht Loscht op aner Bicher vum nämlechten Auteur

Madi Lutgen
Ech liesen am Moment d’Buch ‚How to be an Overnight Success‚ vum Maria Hatzistefanis.
Ech krut dat Buch vun enger Frëndin fir de Launch vum Maddi geschenkt. Mir gefält et ganz gutt, well et op eng witzeg Aart a Weis beschreift wei eng Feeler ee mécht wann ee säi Business start – Situatioune beschreift an deenen ech mech och erëmfannen am Moment.
Ee gudden Tipp fir all déi Leit déi hiren eegene Business starte wëllen …

den Joe vu Scarlet Anger
Ech liesen d‘Biographie vum Thierry van Werveke.
An et ass immens interessant well ech den Thierry van Werveke oft kucken war (op Nazz Nazz Konzerter oder Taboola Rasa)
Ech hunn och seng Filmer gäre gekukt a war een Fan vun him.

Luc François
„Ech liesen „Tanz mit dem Schafsmann“ vum Haruki Murakami.
Ech sinn duerchaus e bëssen an dat Buch respektiv hien als Auteur verschoss. Bis elo kennen ech just säi méi fréit Wierk, also nach näischt, wat am Original no 2000 erauskomm ass, an do kéint d’Schof nieft dem „Mister Aufziehvogel“ mäi Favorit ginn. Esou vill Witz, e sou punktgenau Beobachtungen, an trotz der zäitlecher Distanz kann hien ouni Problem de Charme vun där deemoleger Zäit transportéieren a seng Inhalter och haut nach wierke loossen. Wéi labber an dreiwend e mat senger gewinnter Melancholie spillt – eigentlech jo e Widdersproch –, ass a mengen Aen e Konschtstéck. Bei menger éischter Begéinung mam Murakami hunn ech mir aus enger Laun eraus geduecht, ech géif mir seng Romaner einfach all virhuelen, a mat dëser Decisioun ginn ech vu Buch zu Buch méi frou.“

Carlo Schneider
„An der läscht hunn ech den Text vum Jhemp Hoscheit sengem Kannerbuch
Schmunzel‚ zimmlech intensiv gelies, fir dorobber Illustratiounen ze
maachen.
D’Buch ass virun e puer Wochen bei den Editions Binsfeld
erauskomm. Och an engem Kannerbuch sti wäertvoll Messagen, wou et wichteg
ass, an den Illustratiounen erauszebréngen. Dat geet nëmmen iwwert afillen an den Auteur a seng Texter.
De Moment ower liesen ech 2 Bicher – dat maachen ech oft esou:
Dat eent ass dem Bertrand Périer säi Buch ‚La parole est un sport de combat‚.
Ee Buch iwwert déi richteg Art a Weis, sech viru Publikum auszedrécken a präsent ze sinn. Ech hu geduecht, well ech regelméisseg zu menge Live Cartoons op Kongresser a Symposien viru Publikum muss schwetzen, wier et interessant e puer Ureegungen ze fannen.
Dat anert Buch ass vum Jostein Gaarder – Ein treuer Freund.
Ech hunn, wéi ech et kaft hunn, u Sofies Welt vun him geduecht.
Mee et ass ganz verschidden a speziell. Vun engem komesche Kauz deen tëschent Naïvitéit a Genialitéit gefillvoll jongléiert.“

Bea Kneip
„Also, normalerweis liesen ech haaptsächlech Bicher vu Lëtzebuerger Auteuren an Editeuren, mä dat kann ee jo op RTL nolauschteren oder noliesen. Heiansdo muss awer e bëssen Ofwiesslung sinn, zum Beispill dat hei: „Station Eleven“ vun der Emily St.John Mandel. E ganz besonnesch aggressive Virus läscht e Groussdeel vun der Mënschheet aus, déi Iwwerliewend ginn an eng prä-industriell Ära zeréckgehäit. Souwäit kléngt dat ganz konventionell, esou Endzäit-Romaner ginn et jo wéi Sand um Mier. Mä d’Autorin konzentréiert sech net an éischter Linn op déi Katastrof déi sech do ofspillt, et sinn hir Personnagen déi hir um Häerz leien, an déi mer a Flashbacks ëmmer besser kenneléieren.
Wéi verhalen si sech an der Ausnahmesituatioun, wéi maachen si dat Bescht (oder dat Schlechtst) doraus, a kann d’Mënschheet nach eng Kéier nei ufänken? D’Emily St.John Mandel schreift an engem ganz schlichte Stil den de Lieser awer ëmsou méi beréiert. De Roman, den 2014 erauskomm ass, huet iwwregens den Arthur C.Clarke Award 2015 gewonnen, e Filmprojet ass an der Maach.“

Yves Steichen
„Ech fänken elo gläich un „Winter is coming – Die mittelalterliche Welt von Game of Thrones
Ech kann dir awer réischt méi spéit soen ob et gutt ass 😀“

Jérôme Jaminet
„Ech liesen am Moment e puer Bicher parallel. Dat wat mir am mannste Bauchwéi mécht ass „Heimkehr“ vum Thomas Hürlimann. Dee Mann ka schreiwen. An en huet eppes ze verzielen. Déi zwou Qualitéite komme bei wéinege Schrëftsteller zesummen.“

George Gérard
Harry Potter und die Heiligtümer des Todes
– Ass schonn déi xte Kéier dat ech et liesen – donc super 😊 ech sinn een hëlleflosen HP-Fan

Olivier Toth
„Ech liesen den Ament Origin vum Dan Brown an fannen d’Buch eng richteg gutt Suite.“

Luc Caregeri
„Bref, daat läscht Buch waat mer gefall huet war „Leurs enfants après eux“ vum Nicolas Mathieu.“

Jean Colombera
– Les 45 plus grandes avançées de la médecine Naturelle
– Ganz gutt

Monique Feltgen
– Eric Emmanuel-Schmitt
Les dix enfants que madame Ming n’a jamais eus
„Sinn Säit 22.
Weess awer nach net wou et hiféiert. Wat mer gefält ass, dass d‘Madame Ming eng ‚Toilettendame‘ ass, awer et huet een d‘Gefill si géif am Palais schaffen. D‘Geschicht selwer schéngt mer ganz philosophesch ze ginn.
Weess awer guer net wou d‘Geschicht higeet.“

Luc Spada
Der Gang vor die Hunde vum Erich Kästner
– Saugudd!

Yann Tonnar
„Zur Zäit liesen ech den éischte Band aus dem Virginie Despentes hirer Trilogie iwwert de Vernon Subutex. Ech fanne mech manifestement erëm an dem Milieu vu Musek a Film deen et beschreift, a wéi et ausgesäit wann ee mat 40+ op en halleft Liewen zréck kuckt – wou een drun ass, a wou d’Kollegen dru sinn.
Op der Sich nom Erfolleg an nom Gléck, sinn d’Personnagen markéiert vu perséinlechen Jalousien, Frustratiounen, Hostilitéiten, a Posen déi se an hirem Milieu mussen anhuelen… eng zimlech treffend Milieu-studie. Mir gefält der Virginie Despentes hier Sprooch, déi et fäerdeg bréngt an einfache Wierder eng ganz Generatioun ze beschreiwen. Seng Sätz treffen d’Wourecht wei d’Fauscht op d’Aen oder heiansdo wéi e Schlag an d’Gesiicht, awer ëmmer mat vill Humor. An Zäiten vu politescher Korrektheet, fannen ech dat vun enger befreiender Frëschheet a Frechheet.“

Henri Losch
– Ech hu lo grad dem Michael Köhlmeier säi Buch “ Zwei Herren am Strand“ geliest“
– Eng héchstinteresssant Lektür.

Gast Groeber
– Dem Nico Helminger seng kuerz Chronik
– Bis elo exzellent!

Sylvia Camarda
„Ech liese fir den Moment ‚Der Clan der Kinder‚ vum Roberto Saviano. Als grousse Fan vum Auteur, sinn ech ganz glécklech ëmmer erëm a seng napoletanesch Strossen anzetauchen. Hie rappt mech mat, deet mech iwwerleeën an ernährt mäin kriteschen Bléck op d’Gesellschaft. D’Buch ass ganz gudd!“

Armand Back
– Am Moment ‚The Goldfinch‚ vum Donna Tartt. Ass net nei, mee hat ech nach net gelies a gefält mer gutt 😉

Lucien Czuga
„Ech liesen am Moment e puer Bicher niefteneen, dorënner „La Maison de ruines“ fir d’Sendung „Buch vun der Woch“ op RTL. Ausserdeem „Signe de vie“ vum Jose Rodrigues Dos Santos, „My absolute darling“ vum Gabriel Tallent (mäin absoluten Darling wat d’Bicher vun dësem Joer ugeet) a „Fear“ vum Bob Woodward, e Buch iwwer den Trump. An da sinn ech och nach amgaang e Buch ze schreiwen, an zwar de „Making öf vum Superjhemp retörns“, deen 31. Album vum Superjhemp iwwer de Film deen elo erauskënnt 😀

Ian De Toffoli
Tyll, vum Daniel Kehlmann.
– Et ass immens, bal sou gutt wéi Sex.

Jhemp Hoscheit
„Ech liesen e Roman vum David Foenkinos – Vers la beauté
Den Antoine huet alles opginn, e war Konschtproff, lo ass e Wiechter am Musée d’Orsay.
D’Camille moolt fir seng physesch a bannenzeg Péng ze heelen an nees Loscht op d’Liewen ze kréien.
Et ass violéiert ginn.
Déi zwee begéine sech…
E Roman, dee beréiert duerch seng lyresch Sprooch.
Kann e mat der Schéinheet vun der Sprooch (der Konscht) sech/eppes veränneren?

Laurent Zeimet
„Ech liese grad ‘Believer’ vum David Axelrod (Stratege vum Obama).
Passt grad an dës Wahlkampagne-Zäit …“

Ludivine Devine
„Ech liesen am Moment „Sylvia“ vum Leonard Michaels.
Et ass e Portrait vun enger rarer Präzisioun, an der Schéinheet an an der Tragik 😀

Sam Tanson
Ech hunn aus Zäitgrënn keen neit Buch ugefang.
Mais dat läscht wat ech gelies hunn, ass dem Roland Meyer säin “Wenn immer alles so einfach wäre”.
Et ass e flotten, lieweg geschriwwene Krimi dee sech mat der Politik an dem Koppeldarsein beschäftegt a vill zu Lëtzebuerg spillt. Huet mer ganz gutt gefall“

Maxime Weber
The Dispossessed vum Ursula K. Le Guin
“ Immens gutt.
De Schreifstil ass agreabel ze liesen, d’Welt détailléiert ausgeschafft a faszinéirend an d’Handlung ronderëm een (wierklech sympatheschen) Physiker deen déi anarchistesch Gesellschaft op sengem Heemechtplanéit zréckléisst fir op den Nopeschplanéit ze reesen – op deem déi verschidden Länner iwwer ganz aner, méi hierarchesch organiséiert Gesellschaftssystemer verfügen – originell a spannend.
Desweideren gefält et mir och sou gutt well et zur Ofwiesslung keng Dystopie ass, déi jo am Moment am Sci-Fi-Genre immens prävalent sinn, mee eng, wéi den Ënnertitel et schon indiquéiert, „ambigéis Utopie“, déi op eng wierklech imaginativ a visionär Art a Weis zur kritescher Reflektioun iwwer emanzipatoresch Bewegungen ureegt a gläichzäiteg op maträissend Aart a Weis weist dass eng aner, duerchaus besser Welt méiglech ass.“

Gary Diderich
Le capitalisme de la séduction – critique de la social-démocratie libertaire vum Michel Clouscard
– Eng pertinent Analyse déi een aaneren Bléck op d’Konsequenzen vum Mee 68 méiglech mécht“

Valerija Berdi
„Ech liese grad dem Maxim Biller säi Roman „Sechs Koffer“, et gefält mer bis elo immens gutt, well hien seng eege Familljegeschicht mat immens vill Authentizitéit schreift.
De Perspektivewiessel ass erfrëschend a gekonnt, et ass immens humorvoll an dem Biller seng direkt Sprooch läit mer immens!“

Françoise Hetto-Gaasch
„Ma zur Ofwiesslung liesen ech mol ee franséische Krimi vum Bernard Miniers.Vun him ass och de ‚Glacé‚ verfilmt ginn.
Elo liesen ech ‚Nuit‚.
Richteg spannend an super Stil.

Nico Keiffer
„Nodeems ech déi neisten Romaner vu Guillaume Musso an Marc Levy regelrecht gefriess hunn, sinn ech elo amgaangen ‚Sang Famille‚ vum Michel Bussi ze liesen.
Doe mech e bëssi schwéier fir sou richteg dran ze kommen, den Ament huet dee Roman mech nach net sou richteg gepaakt.“

Claudia Dall’Agnol
„Am Moment liesen ech dëst Buch.
Et ass eréischt den 11te September erauskomm.
Liesen et ob englesch um Kindle a si lo gläich an der Mëtt ukomm. Interessant – wann och erschreckend wat am Wäissen Haus lass ass“

Charles Margue
– Robert Habeck: Wer wagt, beginnt
– gefält mer ganz gutt

Mike McQuaide
Set the Boy Free: The Autobiography,“ by Johnny Marr, the guitarist for the Smiths. I love reading well-written autobiographies by my favorite rock musicians.
Interesting tidbit: Marr became obsessed with running and has run the New York City Marathon!

Claude Turmes
„Ech liese grad „a new republic of the heart“ vum Terry Patten.
Dëst ass e philosophescht Buch – wéi mer eis als eenzelen iwwert Meditatioun an aner Techniken ewéi Yoga kënne weiderbréngen – mee net just fir eis selwer, sech och an der Gemeinschaft aktiv anzebrénge fir di wierklech dringend Problemer: Klimaschutz an eng oppe Gesellschaft.“

Yannick Schumacher
Ech liese grad vum Riccardo Simonetti- Mein Recht zu funkeln.
D’Buch gefält mer ganz gutt, well et einfach en immense positiven Vibe huet 😀

Jos Kayser
„Titel: Maudit soit l’espoir
Auteur: Burhan Sönmez
Prisonéier sëtzen an engem Kellerprisong ënnert der Stad Istanbul a verdreiwen sech tëscht de Foltersessiounen d’Zäit andeems se sech Geschichten erzielen … Schauereg, brutal, awer och schrecklech authentesch, fantasteschen Erzielstil mat ëmmer anerer Narratioun, je nodeem wie grad eng Geschicht erzielt.
Gefält mer ganz gutt!“

Eric Hamus
„Ech liesen ëmmer e puer Bicher beieneen. Mee haptsächlech liesen ech Fear vum Bob Woodward. D’Buch ass nawell interessant, och wann ee villes iwwert den amerikanesche Präsident liest, wat een sech scho geduecht huet. Mee de Fait, datt ee renomméierte Journalist et schreift, deen fir seng exakt Recherchen bekannt ass, mécht d’Saach interessant, mee et mécht mer och Suergen.“

Philippe Ernzer
„De Moment liesen ech „Crushing It“ vum Gary Vaynerchuk. An dësem Buch geet et dorëmmer, wéi een aus senger Passioun, déi een op soziale Netzwierker wéi Facebook, Instagram, Snapchat, Twitter, YouTube a co. mat de Leit deelt, eppes Grousses mécht, wéi z.B eng eegen Entreprise/sech selbststänneg maachen. D’Buch besteet zum gréissten Deel aus dem Gary sengen Erfarungen, mä en huet och vill Interviewen, déi en mat aneren Entrepreneure gemaach huet, mat agebonnen. Dës sinn zwar méi kuerzgefaasst, mee si erziele, wéi si et gepackt hunn. Dëst Buch ass e Muss vir jiddereen, deen eng genial Idee huet mee net richteg weess, wéi een se ëmsetze soll. Ech hu réischt mat liesen ugefang, mee ech sinn elo scho richteg begeeschtert dovunner.“

Christiane Ehlinger
„Ech si just fäerdeg gi mam zweeten Deel vum HARUKI MURAKAMI: DIE ERMORDUNG DES COMMANDATORE II
Wéi an alle Bicher vum MURAKAMI ass och an dësem Buch dat Realt mam Surreale verbonnen.
Mystesch, fantastesch a psychologesch. Et huet mir gutt gefall, allerdéngs wor ech vu fréiere Bicher vum MURAKAMI méi begeeschtert.“

Patricia Lippert
„Ech liese grad e bëssi duercherneen, iwwert Biosemiotik …
Umwelt und Innenwelt der Tiere‚ dorëms dréint sech och de Rescht vun der Lecture( Jacob von Üxküll)
Et ass mega spannend, dofir kucken ech och nach aner Auteuren wéi „ Maturana/ von Förster/ Deacon/ dobäi ze konsultéieren …
Et gëtt eng nei Siicht op den Homo Sapiens zesummen mat den aneren Déieren aus der Biosphär 😉

Christine Mandy
„Ech hat mir „Die Fliegengöttin“ vum neie Kampa Verlag bestallt, ginn et muer sichen a si scho ganz gespaant!“

Cathy Clement
„De Moment liesen ech grad „Die Herzen der Männer“ vum Nickolas Butler
Et gefält mir wéinst dem Schreifstil immens gutt. D’Thema schwätzt mech och un. Et ass wuel bedréckend a munchmol schockéierend mee dann nees voll Hoffnung. Et spréngt an den Zäiten hin an hir, et geet ëm Männer, Krich, Scouten, Zesummenhalt awer och Hannerhältegkeeten an Enttäuschungen. Villes ass ganz bildlech beschriwwen ouni laangootmeg ze ginn, dat faszinéiert mech.“

de Marcel vu S.K.O.R
die Königsmörder Trilogie von Patrick Rothfuss
– Hammergeil

Raoul Thill
„Ech liesen am Moment
Henryk Sienkiewisz Quo Vadis.
Et ass eng rasant Mëschung aus historeschen Ereignisser an fiktiver Erzielung aus der Siicht vun der Zäit vum Kaiser Nero am alen Roum.
Et sinn Emotiounen, Relatiounen, Manipulatiounen Ligen an Intrigen souwéi och populistesch Approchen am Roman. Et geet ëm Macht an Guidance vun enger Mass an wéi déi verschidden Interessenparteien géinteneen interagéieren. Et gefält mer ganz gudd well et Parallelen zuverschidden Strategien an Situatiounen vun haut ginn“

Jean Bürlesk
Inventing Luxembourg. Representations of the Past, Space and Language from the Nineteenth to the Twenty-First Century, by Pit Péporté, Sonja Kmec, Benoît Majerus & Michel Margue
– Spannend an informativ Lektüre

Sascha Dahm
„Am Moment liesen ech ‚Der Schüttler von Isfahan‚ vum Georges Hausemer.
Et ass en immenst Buch, wellste mat op eng Rees a vill Kulturen a Länner gees a Saache „gesäis“ a lies, déis de sou net erwaart häss an déi dech dach immens iwwerraschen. Doriwwer raus geet et och net duer d’Geschichten z’iwwerfléien well all eenzelne Saz a sech nach eenzel Mystere verbiergt … “

Maryse Krier
„Ech si grad fäerdeg mat dem Emily Fridlund sengem Roman „History of Wolves„, dee mer aussergewéinlech gutt gefall huet an dee – menger Meenung no – och wonnerbar geschriwwen ass. D’Natur gëtt séier anschaulech beschriwwen (d’Geschicht spillt am Minnesota) an déi jonk Protagonistin vum Roman ass esou duergestallt, wéi wa se virun engem stoen an een hier Geschicht materliewe géif.
D’Emily Fridlund ass eng amerikanesch Schrëftstellerin an dëst ass hiren éischte Roman.“

Dhiraj Sabharwal
„Ech liesen vill ze vill iwwert de Walkampf a vill ze wéineg gehaltvoll Contenuen.
Mee am Eescht: nieft dem deeglechen Gruewen an der politescher Aktualitéit bleift leider bal keng Zäit, fir all dat ze liesen, wat sech op dem schrecklech groussen Koup usammelt.
Eng kleng Freed gënnen ech mer awer owes: „Post von Karlheinz“ vum Hasnain Kazim. E Journalist, deen e Buch vun engem Journalist liest, ass net immens kreativ, ech weess. Mee ech kann awer ganz gutt mam Här Kazim matfillen. Hien ass gebiertegen Däitschen mat pakistaneschen Wuerzelen – an kritt zanter Joren grujeleg Haassbréiwer an -mails. Hien äntwert de Leit mat immens vill Humor, Geescht an Absurditéit. An sengem Buch léisst en eis elo dorun deelhuelen.
– Wéi gefält Iech d’Buch?
Ech hu gemëschte Gefiller. Ech bewonneren den Här Kazim fir seng Rou, säi Witz a seng Schlagfäerdegkeet. Op der anerer Säit loossen déi haasserfëllten Mailen awer och déif blécken…vill ze déif. Zu Lëtzebuerg si mer zum Gléck vu sou Zoustänn wäit ewech. Mee ech kréien als gebiertegen Lëtzebuerger mat indeschen Wuerzelen selwer heiansdo „Post vum Jhempi“, wann ech mer erlaben ze soen, dass et vläicht net normal ass, Leit am Mier ersaufen ze loossen oder dass Lëtzebuergesch-Tümelei nervt. Dann geet et net méi ëm d’Saach, ma just nach dorëms, wat dee mam komëschen Numm sech dann do erlaabt a „vun wou deen dann iwwerhaapt ass, hä?“.
Wat bei mir just all puer Wochen méi oder manner gelongen topeg Remarquen oder Frechheeten sinn, ass beim Kazim deeglech Rassismus-Routine – op all Medium, den en notzt. Ëm sou méi frou sinn ech mam Buch, well mäi Confrère Haass a Kreativitéit verwandelt huet a sech och nach puer Su domat verdéngt. Dat wäert seng rosen Fans nëmmen nach méi iergeren. Gutt esou.

Corinne Cahen
„Ech hu grad mam Astrid Lulling sengem Buch ugefaang, et gefält mer bis elo just mettelméisseg.
Iwwer de Summer hunn ech 12 Bicher gelies, an dat wat mer am allerbeschte gefall huet war « La Tresse » vum Laetitia Colombani.“

Yorick Schmit
„Ech liesen am Moment „Field Notes„,  eng Sammlung vun Erzielungen vum Barry Lopez aus dem Joer 1994.
D’Buch gefält mer ganz gutt – besonnesch déi knapp mä poetesch Sprooch an déi interessant Reflexiounen iwwert d’Relatioun tëschent Mënsch a Natur.“


Op wéiee Buch hutt Dir da Loscht?
Wéi geet et Ärer Wonschlëscht elo?
Wat liest Dir de Moment?

Dir kënnt gären ee Kommentar hannerloossen!

Ein Kommentar Gib deinen ab

  1. Marie-Rose Clemens sagt:

    Super! Do sinn e puer Tipps fir mech derbäi!
    Btw Meng momentan Lecture ass vum Jean Ziegler
    ‘La faim dans le monde expliquée à mon fils’
    Zur Entspanung vu Kremart Éditions déi kleng Smart Bicher eent nom aneren an elo grad
    ‘13, Waassergaass’ vum Jemp Schuster

    Gefällt mir

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s