An dësem Internat ass et net ewéi bei Hanni und Nanni, et gi keng Mitternachtssnacks, d’Schüler spillen ee Killer-Spill.
Et ass ganz harmlos, ee Rollespill.
Eigentlech …
Wien ass de Mäerder?
Wien ass een Affer?
Net jiddereen däerf bei den Assassinen dobäi sinn, d’Spiller ginn ausgewielt.
D’Cate ass iwwerglécklech, dëst Joer ass hatt mat vun der Parti.
Allerdéngs ass et dës Kéier net esou einfach, ewéi an de Joeren virdrun – de Killer hëllt seng Saach ze seriö, et ginn echt Doudeger.
Ass et villäischt de Vaughn?
Den ale Kandheetsfrënd vum Cate ass nei an der Schoul, duerch seng Computerkenntnisser bréngt hien d’Spill op ee ganz neie Level.
Hien ass geheimnisvoll, mir war en vum Ufank un sympathesch – och wann en säiteweis net esou eriwwer kënnt …
Firwat gëtt d’Cate bedroht?
Hatt deet dach kengem eppes?
Amüsant um Cate ass seng gewalteg Portioun schwaarzen Humor …
Mir huet d’Buch gutt gefall, de Lieser ka bis zum Schluss maträtselen ween de Killer ass, ech loung mat menge Vermutungen falsch …
An och d’Cate kënnt bal net drop, fir säi Feeler muss hatt batter bezuelen.
Et ass fir jiddereen eng Iwweraschung.
Doduercher dass d’Spill dëst Joer online ass, hunn d’Assassinen een Chataccount, mir kënnen also och maträtselen, wéiee Spiller hannert wéiengem Pseudonym stécht.
Firwat gëtt et een Account zevill?
De Schreifstil vun der Autorin ass super, et gesäit een d’Landschafte perfekt bildlech viru sech – wann ee sech gutt konzentréiert, héiert een d’Mier, et schmaacht een d’Salzwaasser op der Zong.
Witzeg Szenen, traureg Momenter, gutt a schlecht Emotiounen, et ass vun allem dobäi …

D’Geschicht ass quasi Cluedo a Buchform, ech fannen et just méi spannend!
Hutt Dir Loscht eng Parti mat mir ze spillen? 😉

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s