20180928_143240

Ech fanne fir d’alleréischt emol, dass d’Nowuert an dësem Buch méi Sënn erginn hätt, wann et ee Virwuert gewierscht wier – soss kéint de Lieser mol äiskal erwëscht ginn.
Et gëtt nämlech net nëmmen eng zaart Liibesgeschicht z’erzielen, eis Protagonistin Katherine hat a senger Jugend e puer hefteg Deeg – hatt gouf vun engem Serienmäerder entfouert a brutal vergewaltegt.
De Bouf vum Mäerder (Will) huet hatt fonnt a gerett.
Dat ass Joeren hier a gouf net vergiess.
D’Buch gëtt aus zwou Perspektiven erzielt – d’Katie ass d’Vergaangenheet, d’Katherine d’Géigewaart.
Beim Will ass et d’Vergaangenheet, den Ethan ass d’Géigewaart – hien huet säin Numm geännert.
Dofir fält dem Katherine och net ob, dass dee Mann deen hatt kennegeléiert huet, säi Will, säin Held ass.
Et war scho bësse befriemlech ze liesen, wéi d’Katherine sech an den Ethan verléift, dës Bezéiung steet ënnert kengem gudde Stär …
Huet se iwwerhapt eng Zukunft?
Ufanks huet den Ethan mir guer net gefall – säi Verhalen wat d’Katherine ubelaangt, hat scho bal eppes krankhaftes u sech, hien huet sech beholl, ewéi ee geckege Stalker.
Eigentlech wollt hie just am Katherine senger Géigewaart sinn – sech dovunner iwwerzeegen, dass et him gutt geet.
Erënnerunge kommen héich – ob beide Säiten …
Ass dat gutt oder schlecht?
Ass et iwwerhapt Léift – oder maachen déi zwee sech eppes vir?
Wat hält dem Katherine seng Famill vun der Bezéiung?
Sti si hannert him?
Hu se Versteesdemech?
Hier Geschicht gëtt an zwee Deeler erzielt, am zweete Band kënnt och den Aaron zu Wuert.
De Mäerder huet grouss Problemer domat, dass säin Affer a säi Bouf eng Koppel sinn, hie gesäit rout.
Geléngt him tatsächlech d’Flucht aus dem Prisong?
Wat huet en mat sengem Katie wëlles?
Och wann d’Thematik net jidderengem senges ass, d’Autorin huet et geschafft, dass ee sech beim Liesen net allze onwuel fillt.
Et ass spannend.
Si huet ee wichtege Message fir de Lieser:
„Och mat enger schlëmmer Vergaangenheet lount et sech, fir d’Zukunft ze kämpfen!“

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s