Dem Scarlett seng Geschicht ass einfach – a mécht Appetit op méi.
Ech géif Iech uroden d’Buch net op eidele Mo ze liesen – dee kéint nämlech schéin mat grommelen ufänken.
Mä gutt, d’Waasser leeft Iech sou oder sou am Mond zesummen.
Wie post da Fotoe vu senge Kanner op Facebook?
Oder kleng witzeg Anekdoten aus dem Liewen?
Wien iwwerleet dann, wat d’Konsequenzen sinn?
D’Scarlett huet vill Problemer domat, seng Mamm huet een erfollegräiche Blog, si post Geschichten aus dem Scarlett sengem Liewen.
Him gefält dat natierlech guer net, hatt huet sech vu Frënn aus ausserschouleschen Aktivitéiten zeréckgezunn, fir der Mamm nëmme keng Munitioun ze ginn.
D’Mamm-Kand-Verhältnis leid och dorënner, si liewen lanschteneen.
Schwätzen net mateneen.
Esou ass et och dacks am reale Liewen …
Ewéi dem Scarlett seng al Nopesch an d’Klinik ageliwwert gëtt, brécht hatt an hiert Haus aus – hatt muss komësche Geräischer op de Grond goen.
Et ass d’Kaz, hatt decidéiert sech, si all Dag ze fidderen.
An dësem friemen Haus, gëtt hatt magesch vun der Kichen (an engem ganz alem Kachbuch) ugezunn.
Hatt kann der Versuchung net widderstoen, hatt bakt déi éischte Kéier – an deelt anonym mat senge Matschüler.
Et schmacht hinnen, de geheime Kachclub gëtt gegrënnt.
Och wann een ufanks mengt, dass et am Buch just ëm Kachen a Baken geet, et geet ëm ganz vill méi – ëm Selbstbewosstsinn, Famill, senge Kanner nolauschteren, Mobbing, Frëndschaft, Akzeptanz, Versteesdemech, asw, …!
D’Geschicht huet mech beréiert.
Thema ass aktuell – an dësem digitalen Zäitalter ganz wichteg!

Et muss méi matenee geschwat ginn, mir mussen all eis ‚geheime Zutat‘ fannen ❤ …

Ech si begeeschtert, ech freeë mech op deen nächsten Deel!❤
Och wann et eigentlech ee Kannerbuch ass – Erwuessener wäerten der Magie net widderstoe kënnen.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s