White Maze

Fir d’alleréischt wëll ech Iech eppes iwwert de Schreifstil vun dësem Buch erzielen – d’Autorin huet ee liicht philosopheschen Toun drop.
D’Protagonistin Vivian stellt sech nämlech direkt op der éischter Säit eng existenziell Fro.
Wie sinn ech?
Wie sinn ech wierklech?
Wat ass real?
Nodeems hatt sech virgestallt huet, fält dem Lieser op, dass hatt an der Vergaangenheetsform schwätzt – an ironesch ass hatt och.
D’Vivian ass een typeschen Teenager, hatt huet zwou BFF’s, geet gäre shoppen, interesséiert sech fir d’Jongen, asw, …
D’Handlung schéngt sech an der Zukunft ofzespillen, Datelënsen an d’virtuell Realitéit ass net méi ewechzedenken.
Ausserdeem ass dem Vivian seng Mamm, déi gréissten Spillentwécklerin, soumat ass hatt ëmmer um neieste Stand vun der Technik.
A beemol gëtt säi ganzt Liewen op d’Kopp geheit …
Awer esou richteg!
Sëng Mamm gëtt ëmbruecht, de Mäerder ass och hannert him hier.
Dowéinst ass hatt op d’Hëllef vum Tom ugewissen, een Hacker, deen hatt aus der Schoul kennt.
Fir eenegermoossen a Sécherheet ze sinn, muss hatt eng gutt Zäitchen offline sinn a keng digital Spueren hannerloossen.
Dat gëtt schwiereg …
D’Geschicht gëtt aus verschiddene Perspektiven erzielt – meeschtens liese mir awer aus dem Viv senger Siichtweis.
Mä och den Tom, de Boot a souguer dee Béisen an der Geschicht kommen zu Wuert.
Mir gefält dat ëmmer gutt an de Bicher – dem Béisen iwwert d’Schëller ze kucken.
Wat huet hie mat White Maze wëlles?
Dat neit AR-Spill ass esou aussergewéinlech, well dem Mënsch seng fënnef Sënner mat abezunn ginn – dat kléngt dach interessant.
Kritt d’Viv de Prepender mat senge neie Frënn gestoppt, oder heescht et fir si ‚Game Over‘?
Wann Dir d’Äntwerte wësse wëllt – White Maze kann Iech alles erzielen …
Mä passt gutt op, net alles ass real!
Verléiert Iech net …
Mir huet dës Welt gutt gefall, de Schreifstil vun der Autorin fesselt de Lieser esou, dass een d’Buch net op d’Säit leeë wëll, et war eng kuerz Nuecht fir mech!
Mä se war d’Aenreefer der Wäert ❤

Drama, Action, Léift, et ass vun allem dobäi – awer net zevill, et ass genau richteg.
A wie weess, villäischt liese mir jo nach méi aus dësem sonnegen Kalifornien, ech hätt näischt dogéint.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s