Wann ech ee Buch liesen, mat deem ech am Ufank net waarm ginn, briechen ech d’Geschicht net of, ech liese weider, villäischt mécht et jo nach Klick …
Hei war dat leider net de Fall, ech sinn duerch de Klappentext op d’Buch opmierksam ginn.
Allerdéngs hunn ech mir méi Action erwaart, de Schreifstil vun der Autorin ass mir zimmlech steril virkomm.
Et gouf alles an d’Längt gezunn, leider, e puer Säiten manner hätten dem Buch net geschued.
Zumools d’Ofschnëtter mat der Geriichtsverhandlung zéien sech …
D’Grondstëmmung ass zimmlech bedrohlech, an der Vergaangenheet – an nach méi an der Géigewaart.
Den Titel passt och net: 4 Mënschen, 2 Wourechten, 1 Ligen.
Gutt, et si 4 Mënschen, mä vill méi, ewéi 2 Wourechten an nach méi Ligen …
D’Laura gesäit während enger Sonnefinsternis, ewéi eng Fra vergewaltegt gëtt.
Den Täter gëtt verhaft a veruertelt.
Eng Zäit dono, kréien d’Laura an de Kit Besuch vum Beth, dem Affer.
Hatt ass zimmlech unhänglech, d’Koppel fänkt un sech onwuel ze fillen.
A beschléisst ze verschwannen.
Mä ass d’Beth wierklech d’Gefor virun där se fortlafen?
Huet deen Alpdram iergendwann een Enn?
Wien ass dee Béisen an der Geschicht?
Ass iwwerhapt een onschëlleg?
D’Handlung gëtt ofwiesselnd aus der Siichtweis vum Kit an dem Laura erzielt – mir léieren d’Charakteren richteg gutt kennen.
D’Buch weist eis, wat fir Auswierkungen kleng a grouss Ligen op d’Liewen huet.
Wat ass deemools geschitt?
Wie muss dofir bezuelen?

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s