Das tiefe Blau der Worte

Kuckt Iech de Cover un – Wow!
Dëst Buch ass voller Emotiounen a Poesie, dat läit virun allem um Henri – oder vill méi u senger Aarbechtsplaz.
Zesumme mat sengem Papp besëtzt hien een 2Hand Bicherbuttik, mat engem ganz spezielle Rayon.
D’Bréifbibliothéik, dës Bicher sinn net fir ze verkafen, et kann een dra liesen, sech Gedankensäz dra schreiwen, oder ee Bréif fir een anere
Lieser hannerloossen, einfach nëmmen eenzegaarteg.
Dat ass eng flott Idee, villäischt maachen ech dat eemol.
Den Henri ass een Dreemer, d’Rachel seng beschte Kandheetsfrëndin ass duerch gewëssen Ëmstänn éischter realistesch a pessimistesch.
(Firwat dat esou ass, wëll ech Iech net wierklech verroden, mä et geet ëm Léift, Verloscht, Trauer a Lassloossen.)
Esou wéi den Zoufall et wëll, fänkt d’Rachel an dësem Bicherbuttik u mat schaffen a geheit dem Henri säi Liewen ongewollt op d’Kopp.
Hatt wëll net wierklech eppes mat him ze dinn hunn – deemools huet den Henri net op säi Liibesbréif reagéiert.
Dat huet allerdéngs ee Grond, lues klärt sech d’Mëssverständnis op, mat der Zäit versteet den Henri seng ofweisend Haltung.
Déi zwee ginn nees Frënn …
D’Aarbecht am Buttik deet dem Rachel gutt, hatt kritt nees Hoffnung, a fänkt erëm u mat dreemen.
An ze liewen.
Wat mir un dësem Buch gefall huet, ass net nëmmen d’Handlung – och dat, wat tëscht den Zeilen steet huet vill Bedeitung.
D’Bréifbibliothéik deckt sou munches op, d’Gespréicher vun de Lieser sinn iwwerwältegend.
Se sinn voller Léift an Hoffnung.
Et sinn emotional Geschichten ❤
An och d’Charakteren sinn vun der Autorin mat esou vill Häerzblutt opgebaut ginn, dass een se soubal net vergësst!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s