Seelenspiel

Den Titel Seelenspiel seet scho vill iwwert d’Geschicht aus, d’Autorin spillt mat eis – op eng ganz roueg Aart a Manéier.
D’Buch ass eng Mëschung tëscht Psychothriller an enger gudder Portioun Drama.
Interessant dorunner ass, dass d’Geschicht gréisstendeels just vun zwee Charakteren an hieren Handlunge lieft.
Op sengem 33te Gebuertsdag gëtt d’Senna wakreg, dat ass näischt ongewéinleches – mä et ass net säi Bett a säin Haus.
Op der Sich no Hiweiser fënnt hatt Holz (hatt schéngt an Alaska ze sinn), faarweg Kleeder, ee Schlëssel an allerlee aner Saachen.
Nodeems hatt erausfonnt huet, zu wéiengem Schlass de Schlëssel gehéiert, fënnt hatt nach eppes aneschter.
Ee Mann, den Isaac – säin Dokter, schéngbar eng al Léift vun him.
Ween huet si zesummen agespaart?
A firwat?
Och wann déi zwee sech net richteg vertrauen, si musse léieren mateneen auszekommen – et leien nämlech verzweifelt Wochen virun hinnen.
Heiansdo sichen se d’Géigewaart vun deem aneren, verléiere sech an alen Erënnerungen, mä et ginn och Deeg, wou se sech kee Meter riche kënnen.
Wat ass fréier tëscht hinnen virgefall?
Wann een d’Senna richteg kenneléiert, mierkt een, dass hatt scho vill Schlëmmes matgemaach huet – an eng gewalteg mat der Ratsch huet.
Den Isaac, Dokter hin oder hier, ass menger Meenung no, och labil, seng Léift zum Senna, a wéi hien hatt kennegeléiert huet, ass bësse krankhaft.
Kënne si un engem Strang zéien?
Léift oder Haass, wéiee Gefill gewënnt d’Iwwerhand?
Fanne se de Wee aus hierem kale Prisong?
Gesond a monter?
Spillt dem Senna säin Ex ee perfid Spill mam hinnen?
A wat ass mat deem Karussellzëmmer – den Isaac an d’Senna schéngen et allen zwee ze kennen ..
D’Opléisung ass einfach – an onerwaart, ech wier fir d’vrecken net drop komm.
Et gi vill Froen – an och all Äntwert!
Wahrscheinlech gëtt net jiddereen mat der Geschicht waarm, mä wann, da léisst se de Lieser net méi lass, ech hu riicht duerchgelies.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s