Die Party

Halloween steet virun der Dier – eng gutt Geleeënheet fir mam Jonas Winner op eng Party ze goen …
Oder net?

De Brandon wëll eng Halloweenparty mat sengen alen Jugendfrënn feieren – op där selweschter Plaz, wou hie virun 30 Joer scho mat hinne gefeiert huet.
Firwat?
Deemols schéngt eppes Schlëmmes mam Brandon passéiert ze sinn, hien huet d’Party verstéiert ofgebrach.
Wëll hien säin Trauma elo bewältegen an där Saach op de Gronn goen?
Eis Protagonisten hu sech schonns onwuel gefillt, wéi et geheescht huet, dass si den Handy ofgi mussen – se hu sech awer drop agelooss.
Wat dat eng gutt Entscheedung?
Wuel kaum …
D’Party ass na net richteg un – a schonn gëtt et deen éischten Doudegen.
De Brandon!
An et gesäit net no engem Akkzident aus …
Ass en ëmbruecht ginn, oder huet e sech selwer d’Liewe geholl?
D’Frënn rätselen an zweifelen – een un deem aneren.
Weess ee méi, wéi en zougëtt?
Den Henri huet vill ze verstoppen, op ee Geheimnis méi oder manner kënnt et jo net un, oder?
Oder weess d’Janet méi?
Ass et villäischt den Nick – als Schrëftsteller vun Horrorbicher misst e jo voll a sengem Element sinn?
Spannend, spannend …
Wat tatsächlech lass ass, gëtt vum Brandon selwer opgedeckt.
Hie spillt ee makabert Spill …
Oder awer net?
Ob et ee Gewënner gëtt?
De Jonas Winner bréngt et fäerdeg eis Säit fir Säit op falsch Spueren ze féieren, dat huet mir gutt gefall.
Am zweeten Deel vun der Geschicht gi mir a klenge Réckblécker gewuer, wat genee zu dëser Party gefouert huet – a wat bei där leschter schifgelaf ass.
Et ass morbide – a perfekt.
Passend bei de ganze Rescht.
Däischter Familljegeheimnisser kommen un d’Liicht, d’Protagonisten wënsche sech bestëmmt, dass se net ob d’Party gaange wieren – et verännert nämlech hiert ganzt Liewen.
Wa se iwwerlieft hunn 😉

D’Buch ass fir sech ze grujelen – ech ginn Halloween sécherheetshalwer net aus dem Haus.
An Dir?
Bleiwt am beschten och doheem – a Gesellschaft vun engem gudde Buch!
Ech hu bis elo all Buch vun dësem Autor verschlongen, ech si mir sécher, dass dat nächst och een Hit gëtt.
Fantasi huet e genuch …

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s