Die Legende der besonderen Kinder

 

Dem Ransom Riggs seng ‚Legenden der besonderen Kinder‘ ass eng kleng Märchesammlung.
De Buchcover ass fantastesch, gréng a stralend gëllen – ee richteg klengt Schmockstéck!
D’Spannung fänkt net bei der éischter Geschicht un, den Impressum an d’Virwuert si scho liesenswäert.
Do gëtt zum Beispill erwähnt, dass een déi drëtt Geschicht net däerf vun hanne liesen …
A wann, da just op eege Gefor!
Also ech hu mech net getraut 😉
De Verfaasser vun de Legenden ass de Millard Nullings, dee klenge, gescheitenen an och onsichtbare Jong aus der Trilogie.
Speziell si verschidde Kommentarer, déi hien eis ënnen op de Säiten zu de fantasteschen Legenden zum Beschte gëtt.
De Schreifstil vum Ransom Riggs ass bombastesch – de Lieser huet kee Problem domat, sech déi beschriwwen Szenarien bildlech virzestellen.
Et gëtt een direkt an d’Geschichten erageheit!
Se sinn grujeleg, skurril, makaber – eng Welt fir sech.
Ech hu frëndlech Kannibale kennegeléiert, besonnesch Kanner déi Geeschter gesinn, Prinzessinnen, Bierger, a sou vill méi – an dem Ransom Riggs sengen Erzielungen gëtt der Fantasi keng Grenze gesat, ech sinn ëmmer erëm iwwert seng Kreativitéit erstaunt.
Dat Bescht sinn d’Messagen, déi d’Geschichten eis eriwwerbrénge sollen – et geet ëm Toleranz, Moral, Frëndschaft an zumools ëm Akzeptanz …
Mir sinn all anescht – an dat ass gutt esou!
D’Illustratioune si gelongen, och wa se just schwaarz-wäiss sinn, sinn se awer esou detailléiert, dass ee sech net sat dru kucke kann.

Menger Meenung no, muss een Trilogie net gelies hunn, fir seng Freed mat dësen Erzielungen ze hunn.
Et ass ee Buch fir ze liesen, ze heemelen, dran ze bliederen – ee Schatz.
A wee weess, villäischt maachen d’Legenden Loscht op déi aner dräi Bänner – ob den Jacob, d’Emma, an all déi aner besonnesch Kanner.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s