‚Missing – Niemand sagt die Wahrheit‘ huet mech vum Ufank un gefesselt, dat loung zumools un den zwou Erzielperspektiven.
Mir sinn am Frankie senger Géigewaart – hatt deelt eis seng Gedanke mat – an direkter Ried u seng beschte Frëndin Sophie.
D’Sophie gëtt schonn joerelaang vermësst, elo sinn mënschlech Iwwerreschter fonnt ginn.
D’Vergaangenheet liese mir aus senger Perspektive, mir geheien een exclusive Bléck a säin Dagebuch.
Wat huet zu sengem Verschwanne gefouert?
Zesumme mam Sophie sengem Brudder Daniel probéiert hatt ze verstoen, wat deemols geschitt ass.
Mä wier et net besser al Geeschter rouen ze loossen?
Wat huet et mam Jason op sech?
U wat ass dee Jong gestuerwen?
Huet de Leon, säi Cousin d’Fanger mat am Spill?
Wéieng Geheimnisser haten d’Frëndinnen?
A wat geschitt, wann alles un d’Liicht kënnt?
Geheimnisvoll gëtt et dee Moment, wou d’Frankie ufänkt Stëmmen ze héieren an Drohunge kritt …
Wie weess nach, wat deemools geschitt ass?
Lieft d’Sophie nach, oder gesäit d’Frankie Männercher?
Et ass spannend – zumools well de sympatheschen Protagonist mat der Zäit gewalteg u Sympathie verléiert.
Kann ee sech esou an engem Mënsch täuschen?
Een donkelt Familljegeheimnis gëtt eis d’Äntwert op ganz vill Froen …
Mä sinn et déi richteg?
Dee Schluss – onerwaart!
A spektakulär 😀
Den Titel ‚Missing‘ ass zweedäiteg – ass domat dem Sophie säi Verschwanne gemengt oder d’Wourecht?
Dat ass wuel Interpretatiounssaach!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s