Foster vergessen

De Foster ass geckeg no sengem Papp – si sinn een Häerz an eng Séil.
Säi Papp ass ee wonnerbare Geschichtenerzieler, de Foster fënnt et ufanks nach witzeg, dass hien de Fuedem beim erzielen verléiert.
Oder de Speck an der Pan vergësst a Saache vertesselt.
Nodeems e sech an der Stad verluer huet, an de Wee net méi heem fonnt huet, ass et un der Zäit bei den Dokter ze goen – do kritt säi Papp déi erschreckend Diagnos Alzheimer.
Dem Foster seng Onsécherheet ass duerch dat ganzt Buch ze spieren, hien huet vill Froen, kritt awer keng ordentlech Äntwerten …
Der Famill hiert Liewen verännert sech gewalteg …
Wat passéiert elo mat sengem Papp?
Wäert e ganz ophalen Geschichten z’erzielen?
Verännert sech hiert ganzt Liewen?
Wat geschitt, wa säi Papp hien vergësst?
Leider kritt de Foster duerch dem Papp seng Krankheet net méi genuch Opmierksamkeet vun der Mamm – si muss méi schaffen, huet de Kapp voll Suergen a weess net, wéi et weidergoe soll.
Dat huet mech rose gemaach, si hätt hiere Jong net däerfe vergiessen – mä anengems huet ee Matleed mat hier, déi ganz Verantwortung läit elo op hiere Schëlleren.
Zerbrécht se dorunner?
Wat mir am beschten un dësem Buch gefall huet, ass d’Erzielperspektiv – mir liesen alles aus dem Foster senger Siichtweis.
Hie géif sou gär hëllefen, et ass schued, dass d’Famill hien net fir voll hëllt, well en nach e Kand ass.
Dës Geschicht ass häerzergräifend, traureg a wouer …
Et ass een eeschthaft Buch.
Ech fannen et gutt, dass an dëser Erzielung och Tatsaach opgegraff gëtt, dass Alzheimer keng ‚Al Leit-Krankheet‘ ass, et ka jiddereen treffen.
Leider.
Wéi wäert meng Zukunft wuel ausgesinn?
Behalen ech meng Erënnerungen? Liewen ech nach?
De Lieser denkt no – gutt esou!
Léiwer ze fréi, ewéi ze spéit …
Et ass net nëmmen e Jugendroman, d’Buch sensibiliséiert, an hëlleft dës tückesch Krankheet besser ze verstoen – et ass domat och eng gutt Lektüre fir Betraffener.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s