Iwwert dëst Buch hunn ech scho ganz vill Guddes héieren, elo hunn ech mir endlech Zäit geholl, mir selwer ee Bild dovunner ze maachen.
Wéi wäit géift Dir goen, fir den trageschen Dout vun Ärem Kand ze rächen?
Auge um Auge, Zahn um Zahn?
Selbstjustiz, ass se gerechtfertegt?
Psychologesch gesinn, ass dëst Buch ee klengt Meeschterwierk gewierscht – ech wëll méi dovunner!
D’Geschicht lêisst ganz vill Gefiller beim Lieser aus, – Schock, Trauer, Roserei, Verzweifelung, awer och Versteesdemech.
Schued, dass ech esou laang gebraucht hunn, fir mech un d’Geschicht ze woen.
Ech verstinn d’Protagonistin souguer – si huet hiert klengt Meedche verluer, an et war keen Akkzident.
D’Léierin weess, dass ee vun hiere Schüler fir den Doud verantwortlech ass, dofir wëll se hierer Klass nach eng Lektioun ginn.
An hierer leschter Ried gëtt si zou, dass se de vermutlechen Täter mat der Mëllech vergëft huet!
Scho krass, nee?
Se hätt dach bei d’Polizei kéinte goen …
D’Geschicht gëtt aus ënnerscheedleche Perspektiven erzielt – direkt Ried, Gespréicher, Telefonater a verschiddene Persounen kommen zu Wuert.
Dat mécht ee groussen Deel vun der Spannung aus, de Lieser versteet, wou d’Personnagen sech falsch verstanen hunn.
Wat si hätten aneschter kéinte maachen …
Aus dem Puzzle, gëtt Säit fir Säit ee ganzt Stéck.
Wéivill Wäert huet ee Liewen?
Den Erzielstil kënnt zimmlech kill eriwwer, dat stéiert awer net – et gewinnt e sech drun.
Och wann d’Buch an d’Kategorie Thriller gehéiert, menger Meenung no, passt Drama nach vill besser zu där Geschicht …
Anscheinend gëtt et och eng Verfilmung – déi muss ech mir onbedéngt ukucken!
Hutt Dir d’Buch gelies?
Wéi huet et Iech gefall?

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s