‚Der Koffer‘ huet mech iwwerascht – d’Geschicht gëtt aus zwou Perspektiven erzielt, fir d’éischt léiere mir den Julian kennen, hie schéngt zimmlech verluer ze sinn, e war mir direkt sympathesch.
Hien ass een typeschen Eenzelgänger, an der Schoul huet hien et net einfach.
Zënter, dass seng Eltere gestuerwen sinn, liewt hie bei sengem Monni – dee kann alt mol gewalttäteg ginn.
Et ass fuerchtbar ze liesen, wéi dëse sensible Jong, fir déi einfachst Saachen schlëmm gestroft gëtt.
Ech si selwer Mamm, mir gouf d’Häerz gebrach.
Déi eenzeg Erënnerungen u seng Elteren, stiechen an engem ale Koffer.
Wéieng Geheimnisser wuel nach do dra sinn?
Dei aner Perspektiv ass dem Adam seng – hie schéngt ee vun deene Coolen ze sinn.
Net nëmmen dat, hie war fréier dem Julian säi Pflegebrudder.
Mat der Zäit klärt sech och op, firwat den Julian bei säi Monni geplënnert ass – an net bei dëser gudder Famill bleiwe konnt.
Nodeems déi zwee sech erëm begéint sinn, fänken si un, Zäit mateneen ze verbréngen, den Adam probéiert den Julian a säi Frëndeskrees mat eis anzebezéien.
Dat versteet net jiddereen.
A Réckblécker gi mir gewuer, wéi den Adam an den Julian sech kennegeléiert hunn – wéi si sech ugefrënd hunn.
Den Adam spiert instinktiv, dass den Julian grouss Angscht huet a verluer ass.
Mä firwat? Viru wiem?
Kritt hien d’Wourecht mat Zäit eraus?
Kënnt den Julian aus sengem Schleekenhaus eraus?
Et deet wéi ze liesen, wat den Julian alles duergemaach huet, ech hunn dacks misse schlécken.
Mä hien huet net opginn, hien steet ëmmer erëm op!
Dee Charakterzuch gefält mir ganz gutt!
Hien ass keen Affer, hien huet iwwerlieft …
D’Thematik vum Buch ass dramatesch – et geet ëm Mëssbrauch, Angscht, Trauer a Frëndschaft.
Och wann d’Geschicht dem Lieser säiteweis schwéier um Mo leit – se ass wonnerschéin!
Ech hat net nëmmen Tréinen an den Aen, ech hunn och dacks missen laachen.
D’Autorin huet sech grouss Méi ginn, d’Charakteren lieweg ze maachen, si sinn mir gutt Frënn ginn ❤
D’Buch ass emotional a stëmmt nodenklech …

Och ënnert dem Schutzëmschlag verstoppt sech ee Schatz – natierlech ee Koffer!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s