An dësem Buch spillen net nëmmen eis zwee Protagonisten eng grouss Roll, d’Geschicht gëtt vun engem Dozen Kéi zesummengehalen.
Mir huet dem Gemma seng charakterlech Entwéckelung gutt gefall, ufanks ass hatt just ee Matleefer – mat der Zäit setzt hatt sech fir seng Prinzipien an.
Dës Entwéckelung huet mam Kate ze dinn – vu senge Matschüler gëtt hatt gehässeg Cowgirl genannt.
D’Gemma muss mat sengen 13 Joer scho vill matmaachen, de Papp ass am Prisong, d’Mamm ass ausgelaugt an dee klenge Brudder ass ee klenge Schläimer.
Hatt huet séier geléiert, dass just dee Staarken iwwerlieft, a sengem Quartier däerf ee keng Schwächt weisen.
Seng Bom invitéiert d’Kate zum Iessen an – ausgerechnet hatt!
Déi zwee ënnerscheedlech Meedercher bauen eng Frëndschaft op, dobäi mierkt d’Gemma, dass och seng Frëndin mat Problemer ze kämpfen huet – säi Papp wëll nämlech d’Kéi vum Bauerenhaff verkafen.
Eng Léisung muss hier …
A sou kënnt et, dassen d’Kéi hier nei Plaz am Quartier fannen – eng no där anerer fënnt een neit Doheem.
D’Reaktioune vun den Awunner si verschidden, et ass sou munch witzeg Szene an der Geschicht ënnerbruecht.
Dës Kéi stäerken net nëmmen de Familljesënn vun de Meedercher, se stäerken de ganze Quartier.
D’Nopere léiere sech richteg kennen, d’Kriminalitéit geet erof, et ass ee méi mateneen aplaz géinteneen.
D’Kéi kënnen net ewéi do wunne bleiwen, mä kënne si definitif gerett ginn?
Fält de Meedercher nach ee bessere Plang an?
Et gi vill Themen ugeschwat – sozial Schwächt, Existenzangscht, Famill, Frëndschaft, Integratioun, Hoffnung a Verännerung.
Et ass net ëmmer alles esou wéi et schéngt, heiansdo muss een, een zweeten, méi geneeë Bléck woen, fir hannert eng Fassad ze kucken.
D’Buch hëlleft villäischt och iwwert Kéi nozedenken, iwwert Déierenhaltung, oder Tatsaach, dass dës Déiere just geschwängert ginn, fir dasse mir Mëllech an eise Kaffi oder an d’Kelloggs kënne maachen.
Se ass net fir hier Bebeeë geduecht.
Schonn hefteg …
Kee Wonner, dass ee vun eise Protagonisten am Laf vun der Geschicht Vegetarier gëtt.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s