Das Haus der Mädchen

‚Das Haus der Mädchen‘ huet mech leider net esou gefesselt, ewéi ech dat vum Klappentext erwaart hätt.
A mengen Aen, ass et méi ee soften Thriller, d’Wendung zum Schluss huet mech allerdéngs iwwerascht.
Et war der Wäert!
Mir liesen d’Geschicht aus verschiddene Perspektiven.
Mir léieren d’Leni kennen – ee jonkt Meedchen vum Land, hatt ass wéinst engem Praktikum an der Stad.
De Freedy ass zënter e puer Wochen ee Strummert – hien huet eppes gesinn, wat en net hätten dierfen, säi Liewen ass a Gefor, hie probéiert dee Schëllegen ze fannen.
De Märder ass zimmlech kal – a skrupellos, d’Passagen mat sengen Affer, ginn dem Lieser ënnert d’Haut.
Hien hëllt de Meedercher d’Identitéit, gëtt hinnen Nummeren, quält an ënnerdréckt se.
An dann ass do de Polizist Jens Kerner – hien ermëttelt mat senger Kollegin Rebecca.
Dass d’Charakteren un där selweschter Saach dru sinn, mierken se scho bal dee leschte Moment.
D’Leni léiert d’Vivien kennen, hier Bekanntschaft ass net vu laanger Dauer, d’Vivien verschwënd spuerlos.
Komësch, hatt wollt dach méi laang bleiwen.
Dem Leni kënnt dat louche vir, hatt begëtt sech op d’Sich a begéint dem Freedy.
Deen huet virun e puer Deeg gesinn, wéi ee Mann ëmbruecht ginn ass.
Gëtt et tëscht de Fäll eng Verbindung?
Dat freet sech och de Jens – hien ermëttelt an deem Fall, während senge Recherchen, fält him op, dass Meedercher verschwonne sinn …
Ass et ee Serientäter?
Schafft en aleng?
Liewt d’Vivien nach?
Kämpft hatt ëm säi Liewen, oder gëtt hatt op?
Wéi passt d’Leni an dee Puzzle, ass och säi Liewen a Gefor?
Gëtt et een Happy-End?
Traut Dir Iech, et erauszefannen?

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s