Cat & Cole

Am Bicherbuttik gouf ech automatesch vun dësem schéine Buchcover ugezunn, ech si vun engem Jugend/Liibesroman ausgaangen – ee Bléck op de Klappentext huet mir net vill verroden, just dass méi dohannert stécht.
Ech hunn d’Buch direkt kaf.
Eréischt doheem, hunn ech am Aband gelies, ëm wat et an dëser Geschicht geet, ech wosst direkt, dass et kee Feelkaf war …
De Cover täuscht, et ass ee richteg coolen Actiounfilm.
Et ass eng Dystopie, d’Cat an de Cole sinn eis Protagonisten, mir léieren hier technesch Welt no der Apokalypse kennen.
Ee geféierleche Virus huet d’Mënschheet verklengert, all Dag ass ee Kampf ëm Liewen an Doud.
Ech konnt mir d’Szenen ganz gutt bildlech virstellen, d’Autorin huet alles gutt beschriwwen – heiansdo souguer ze gutt!
D’Brutalitéit, mä dat gehéiert wuel dozou, d’Apokalypse iwwerlieft een och net mat Schmusereien.
Gentechnik spillt eng grouss Roll an dëser Geschicht, de mënschleche Kierper krut een Update, et gëtt kee Makel a keng Kränkt méi.
D’Buch ass wierklech voll mat techneschen Detailer …
Et gëtt just dee Virus – Infizéierter stierwen a puer Deeg, gesond Leit kënne sech géint de Virus immuniséieren (just eng Zäit laang), andeems se krankt Fleesch iessen.
Et ass een Däiwelskrees.
A Réckblécker gi mir gewuer, wéi d’Katastrophe hieren Ufank fonnt huet, ewéi d’Onheel säi Laf geholl huet.
D’Catarina ass net nëmmen iergendee jonkt Meedchen, säi Papp war dee gréissten Gentechniker vun der Welt.
Nodeems e gestuerwen ass, huet e just eppes hannerlooss – den Impfstoff.
Leider ass e verstoppt, dem Catarina, als Hackerin, misst et awer méiglech sinn, en z’entschlësselen.
De Cole ass ee Super-Zaldot – dorop programméiert, dem Cat ze hëllefen, an hatt ze beschützen.
Zesummen kommen si der Rettung méi no, et musse vill Schwieregkeeten iwwerwonne ginn …
Cartaxus ass de béise Géigner, d’Firma bitt de Mënsche Schutz an hiere Bunkeren un, allerdéngs wëllen se aplaz déi ganz Kontroll iwwert hier Technik.
Et géif hinnen net gefalen, wann den Impfstoff fir jiddereen fräi zougänglech wier.
Si probéieren mat all hiere Mëttelen a Waffen, d’Cat an de Cole bei hiere Pläng ze stéieren.
Oder net?
Zesummen hunn déi zwee eng geféierlech Missioun – d’Welt retten …
Ass et dofir nach net ze spéit?
Et ass eng grouss Verantwortung, déi se do droe mussen, mir erliewen och allerlee Iwweraschungen – déi gesäit kee kommen.
Et ass näischt ewéi et schéngt, et ass erfrëschend aneschter …
Nom Liesen ergëtt och de Buchcover méi Sënn – d’Faarwen symboliséieren, déi déidlech Hydra-Wolleken.
‚Cat und Cole‘ ass den éischten Deel vun enger Trilogie, den zweeten Deel kënnt am November op Englesch eraus – déi däitsch Versioun wäert nach op sech waarde loossen.
Ech freeë mech drop!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s