Thalamus

Am Ursula Poznanski hierem Jugendtriller Thalamus, léiere mir den Timo kennen.
No engem schwéieren Verkéiersakkzident, huet sech alles fir hien changéiert.
Hie ka sech net beweegen, net schwätzen, net liesen, net schreiwen – an engem Rehazentrum muss en alles vu vir léieren, ewéi ee klengt Kand.
En ass gefaangen a sengem Kierper …
Am Zentrum ass et onheemlech, den Timo fillt sech net wuel – a ka sech net ausdrécken.
Säin Zëmmernoper, ee Komapatient, spadséiert owes aus der Kummer, a bedroht e souguer.
Et ass awer net alles schlecht, den Timo mécht Bekanntschaft mam Carl (mat C), si versti sech gutt.
Säi schwaarzen Humor gefält mir, hie schwätzt vun der Long op Zong.
Mat der Zäit fält dem Timo op, dass hien Fortschrëtter mécht – vill ze séier, am Schlof getrëppelt ass en och.
Lues a lues, kann e sech verständlech maachen, den Timo spillt Detektiv fir erauszefannen, wat et domat op sech huet – de Carl (an net nëmmen hien) schéngt nämlech a Gefor ze sinn …
Erschwéiert gëtt dat Ganzt, duerch d’Tatsaach, dass et dem Timo just owes richteg gutt geet.
Firwat ass dat esou?
Wéieng Experimenter gi mat de Patiente gemaach?
Firwat héiert den Timo déi hëllefräich Stëmm?
Ass se echt? Kënnt se vun engem anere Patient?
Modern Technik, Telekinese an Telepathie spillen och eng grouss Roll an dëser Geschicht, de Lieser stellt sech vill Froen.
Wéi gesäit eis medizinisch Zukunft aus?
No dësem Buch ass dat eng interessant Fro, éierlech gesot, mécht se mir e bëssen Angscht …
Dominéiert de Mënsch d’Technik, oder ass et ëmgedréit?
Ass et méiglech ee gesond Gläichgewiicht hierzestellen?
D’Buch huet mech gefesselt – ech war fierwëllzeg op d’Opléisung, Rätselen huet d’Autorin eis jo genuch ginn, ech war frou ze liesen, dass d’Buch net an de Fantasyberäich gedrift ass, ech hunn dat nämlech dacks gemengt …
Ech si begeeschtert, a freeë mech op deen nächsten Thriller vun dëser Autorin.
Generatioun 2, Generatioun 3 – wat heescht dat?
Déi aner medizinesch Begrëffer hunn net beim Liese gestéiert, et huet bei d’Geschicht gepasst, ech hu verschiddenes nogegooglet, a sou munches dobäigeléiert.
Thalamus – Spannung pur!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s