Café Morelli

Typesch Königskinder – et verstoppt sech nees ee Schatz tëscht dem Schutzëmschlag.
An och tëscht de Buchdeckelen.
Mir léieren den Joe a seng Famill kennen – italienesch Waliser, déi ee Café hunn.
Well e schlecht leeft, decidéiert dem Joe seng Mamm sech, de Café ze verkafen …
Mä muss dat wierklech sinn?
En huet schliisslech eng ganz Geschicht ze zielen – ënnert anerem, dem Nonno seng.
Kann den Joe de Verkaf verhënneren?
E puer gutt Ideeën huet hien op allefall …
Erschwéiert gëtt dat Ganzt, duerch dem Nonno seng gesondheetlech Problemer, hien hat ee Schlag.
Gëtt e rëm gesond?
D’Mimi, eng Kusinn aus Italien kënnt hëllefen – ass dat gutt oder schlecht fir de Café Morelli?
A Réckblécker liesen mir och vill iwwert d’Awanderung vun den italienesche Familljen, vum zweete Weltkrich, dem Hitler an dem Mussolini.
Mir ass d’Häerz schwéier ginn!
Et ass säiteweis melancholesch – zumools wann ee bedenkt, dass et hautesdags och net ganz einfach ass.
D’Buch erënnert eis dorunner, ewéi d’Zukunft mat der Vergaangenheet verbonnen ass.
Wéi sech alles widderhuele kéint.
Et ass eng historesch, emotional Geschicht, déi den Nonno senger Famill erzielt.
A leider ass se wouer.
Et geet ëm Akzeptanz, Integratioun an Toleranz.
Souguer d’Nowuert vum Autor ass interessant – mir fannen e puer Rezeptideeën, a Gedanken zur Oper.
‚Café Morelli‘ ass eng Familljegeschicht fir nozedenken!
D’Buch mécht net nëmmen Appetit op italienescht Iessen – och d’Liewen rifft haart no eis.
Dofir – iesst gutt, schwätzt mat der Famill, lauschtert Musik, sidd frou mateneen – lieft! ❤

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s