Perfect Girlfriend

Dëse Psychothriller ass interessant …
Firwat?
Et läit un der Siichtwäis, eis Protagonistin Juliette ass Stalkerin.
Déi éischt Säiten, loossen eis ee kuerze Bléck an d’Vergaangenheet geheien, ech denken, dëst traumatescht Erliefnis huet de Grondsteen fir seng psychesch Problemer geliwwert …
E puer Joer dono …
Mir gegleeden hatt op sengem Léiergang fir Stewardess ze ginn, allerdéngs ass dat net säin Dramberuf – hatt wëll dem James (Pilot), esou no ewéi méiglech sinn.
Si sinn nämlech fireneen bestëmmt.
Denkt d’Juliette …
Wat hält den James da vun där ganzer Geschicht?
Mir wier dat net geheier …
Ech ka just soen, dass et absolut faszinéiernd ass, ze liesen, ewéi wäit d’Juliette fir säi Gléck goe wëll, d’Geschicht huet mech gefesselt.
Do kënnen engem d’Schudderen de Réck erof lafen!
Hatt ass manipulativ a geféierlech.
Grenzen a Regelen loossen hatt och net vu senge Pläng of …
Natierlech probéiert den James sech ze wieren – mä dat ass méi einfach gesot, ewéi gemaach.
Zumools well Täter an Affer iwwert de Wolleke schaffen, d’Fluchtméiglechkeeten sinn dacks net méiglech.
Dësen Ëmstand verschaaft dem Lieser een interessantenen Abléck an dës Beruffer.
D’Juliette verléiert sech a senge Virstellungen, fënnt hatt de Bezuch zur Realitéit mat Zäit erëm?
Scho krass, wéi sympathesch d’Juliette dem Lieser gëtt – trotz allem.
Ech si frou, dass ech hatt kennegeléiert hunn – Gott sei Dank just virtuell 😂

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s