Wann een de Buchcover kuckt, an de Klappentext liest, ass dem Lieser net bewosst, dass eng hefteg Geschicht op en duerkënnt!
Et geet ëm zwee Teenager – Rose an de Michael, d’Geschicht fänkt mat hierer éischter Kéier un.
D’Erzielung gëtt an der drëtter Persoun erzielt – ech denken, dës Distanz ass gutt …
Mir léieren d’Protagonisten kennen – liesen, wéi se sech kennegeléiert a verléift hunn.
Mir stellen eis Froen …
Wat passéiert, wann een bei der éischter Kéier de Kondom vergësst?
Dat gëtt d’Rose no e puer Woche gewuer – seng Regel bleiwt aus, een Test gëtt eis déi lescht Gewëssheet …
Schwanger – an elo?
Wéi ginn d’Teenager domat ëm?
Wiem kënne si sech uvertrauen?
Verdrängung ass nämlech dee falsche Wee, an dee schloen se leider an.
Op verschiddene Säiten war ech richteg schockéiert, ze liesen, ewéi wäit d’Rose geet, ech si mir sécher, dass dat an der Realitéit op ville Plazen Alldag ass.
Opklärung ass wichteg!
Natierlech léiere mir och d’Eltere kennen, ech fannen, dass d’Rose ee komëscht Verhältnis zu senger Mamm huet – si stinn sech ze no.
An awer ass d’Mamm blann – ze laang …
Ganz éierlech?
D’Buch ass zimmlech hefteg, näischt fir zaart Gemidder, ech hunn et dacks ewech geluecht.
An d’Emotioune sacke gelooss.
Mä liest selwer, wat aus dem Rose an dem Michael gëtt …
Gëtt et een Happy-End?

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s