‚Der Riss im Raum‘ ass den zweeten Deel vun der Madame L’Engle hierem Klassiker.
No den éischte Säiten, war ech erëm voll an der Geschicht, bei der aussergewéinlecher Famill huet sech vill gedoen.
Den Charles Wallace huet sech charakterlech net verännert, e gefält mir am beschten – seng Famill mécht sech Suergen ëm en, mat senger Gesondheet schéngt eppes net ze stëmmen.
Elo wou en an d’Schoul geet, gëtt en duerch seng Eenzegaartegkeet och nach gemobbt.
D’Schreifweis gefält mir nach een Tick besser, ewéi am éischten Deel – duerch déi immens gescheite Famill, léiert de Lieser och sou munches.
D’Philosphie tëscht den Zeilen mécht dës Geschicht zu enger Dramgeschicht.
Besteet tatsächlech d’Méiglechkeet, dass den Charles d’Draache gesinn huet?
A firwat huet d’Meg vum Mr. Jenkins halluzinéiert? Oder war et d’Realitéit?
Eng geheimnisvoll Persoun, ee Léiermeeschter bréngt e bësse Liicht an d’Donkelheet – d’Kanner ginn nees gebraucht, och de Calvin ass mat vun der Partie.
Mä wat sollen se léieren? Hunn dës Aufgaben ee Sënn, oder geet et just drëms d’Selbstvertraue vun de Kanner ze stäerken?
Weess Dr. Louise méi, wéi mir mengen?
D’Rees duerch Raum an Zäit fänkt nees un – fir d’Welt an den Charles ze retten, mussen d’Kanner sech selwer besser kenneléieren an u sech gleewen …
Ech freeë mech drop, méi vun dëser Famill an hieren Erliefnisser ze liesen.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s