D’Maus Kätti ass ee lëtzebuergeschen Klassiker – zäitlos, wann ee bedenkt, dass den Auguste Liesch d’Buch 1936 geschriwwen huet.
Schonn als Kand war ech begeeschtert – den Zauber huet mech als Erwuessenen net verlooss.
Et ass eng Geschicht fir Grouss a Kleng!
D“Zeechnungen si vun der Madamm Alison Koch-Kent – vun deemools, se goufen net moderniséiert, dat gefält mir!
Et passt bei de Rescht vum Buch.
Den Text ass kleng a fein, en hëlt grouss Plaz beim Lieser an.
Et si Reimer, mir léieren d’Kusinn Mim kennen, a begéinen och anere lëtzebuergesche Plazen – e bësse Geo ass domat och dran 😉
Mir liesen vu Famill a Wuelbefannen, vum Ënnerscheed tëscht räich an aarm.
Souguer d’Waasser leeft engem am Mond zesummen – ee Stéck Kuch wär deen Ament gutt komm …
Mmmmh 😀
Natierlech hunn d’Mais et net nëmme schéin …
Wéieen Déier kéint et dann op si ofgesinn hunn?
Ech hunn dauernd misse grinsen, jo, ech war glécklech – genee ewéi d’Kätti zum Schluss ❤
D’Maus Kätti huet véier Kapitelen, an ass definitiv ee Stéck Lëtzebuerg, ech hoffen, dass dat ni vergraff wäert sinn!
Et ass bei den Editions Schortgen erauskomm.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s