Den zweeten Deel vum Mona Kasten senger Trilogie, ass nach ee bësse besser ewéi den éischten Deel.
D’Ruby ass sengem Dram Oxford méi no komm, hatt verdréit sech mat der Zäit nees mam James – och wann dat net vu laanger Dauer ass.
Hoffe mir alt, dass den drëtten Deel hinnen een Happy-End schenkt.
No all deem, wat se matmaache mussen, hunn se e bësse Gléck verdéngt.
Wat mir un dëse Bicher gefält, sinn déi ënnerscheedlechst Themen, d’Autorin schreift iwwert Tabuen.
Homosexualitéit, ongewollte Schwangerschaft, den Dout, Trauer,
Plus-Size Jugendlecher, d’Liewen mat Viruerteeler an Akzeptanz.
D’Jugendlech am Buch – déi méi aarm, an och déi räich, mussen hier Plaz am Liewe fannen.
Sollen se maachen, woufir ze bestëmmt sinn?
Oder hieren Dram liewen?
Et geet ëm Geheimnisser, Frëndschaft an Zesummenhalt.
An dësem Deel kommen nach zwou Charakterperspektiven dobäi, mir liesen och aus dem Lydia an dem Ember hierer Siichtweis.
Villäischt kommen am drëtten Deel jo nach zwou Perspektiven dobäi, ech hätt scho meng Favoritten.
Ech loosse mech iwweraschen!
Et ass op jidde Fall, keen iwwerflächlecht Buch, den Text huet wichteg Messagen, fir jiddereen, deen et héiere wëll …

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s