c6ed2cf85df6778ae004223318e336b3

– Wat? Dat soll den Ufank sinn?
Dat ware meng éischt Gedanken, ewéi ech Colorado Kid vum Stephen King ugefaangen hunn mat liesen.
Ech wosst mol net, ob ech iwwerhapt weiderliese wollt, ech hu mech dunn awer entschloss mech op dat Experiment anzeloossen.
D’Buch huet knapp 160 Säiten, et geet ëm een ongeklärten Mordfall.
Den Dave an de Vince, erzielen der Journalistin Stephanie vun dësem Doudesaffer.
Et gëtt vill spekuléiert …
Wat ass deemools geschitt?
War et iwwerhapt Mord?
Vill Froen – keng zefriddestellend Äntwerten.

– Meng Meenung?
Ech weess net wierklech, wat ech dovunner hale soll.
Et huet mech frustréiert keng richteg Äntwerten op meng Froen ze kréien.
Ech sinn op d’Buch opmierksam ginn, well ech während enger Fernsehserie (Haven) matkritt hunn, dass se vun dësem Buch inspiréiert gouf.
Ech hunn Colorado Kid souguer gegoogelt, op Wikipedia steet, dass de King mat dëser Geschicht wollt beweisen, dass een Text kee richtegen Ufank an kee richtegen Schluss muss hunn, fir spannend ze sinn.
Ech verstinn, dass hien dat ausprobéiere wollt, mä menges war d’Buch net, ech hu mech dacks missen zwéngen fir weiderzeliesen.
Dat hunn ech seng typesch King-Bicher léiwer.
„Schuster bleib bei deinen Leisten!“
Ech ka just hoffen, dass d’Annie Wilkes dëst Wierk net an d’Hänn kritt, no Misery wësse mir jo, zu wat hatt fäheg ass, wann hatt enttäuscht ass ….

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s