Mutterblut

Dësen Thriller versprécht schonn eleng duerch de Cover, den Titel an de Klappentext eng bluddeg Lektüre.
Déi éischt Säiten vum Buch gi scho mat der kranker Siichtwäis vum Mäerder un, de Lieser weess direkt, wat op en duerkënnt.
Ech sinn éierlech, ech hat e puer Schwieregkeeten an d’Buch eranzekommen, ech hunn et souguer eemol ofgebrach, an no e puer Wochen een Neiufank gestart.
Eisem Seriekiller säin Nonumm ass Rieper, d’Wuertspill ass dem Autor gelongen.
Hie mécht Juegd op schwanger Fraen, e bréngt se qualvoll ëm.
Dofir – Schwangere Fraen, oder frësche Mammen géif ech dëst Buch ofroden.
Ausser se sinn wierklech haart am huelen, de Rieper ass wierklech brutal …
D’Geschicht gëtt deelweis aus senger Perspektive erzielt, deen anere Protagonist ass den Torsten Demski, ee Polizist.
Den Torsten huet privat vill Päckelcher ze droen, hien huet Réckproblemer, fëmmt Gras, ass bestued an huet eng Frëndin.
Typeschen Psychothriller-Kuddelmuddel.
Ech sinn net richteg waarm mat dëser Handlung ginn, d’Tatsaach, dass beemol esou vill Frae schwanger sinn, a soumat an d’Viséier vum Rieper geroden, war mir perséinlech too much.
Schued war och, dass dem Rieper säi Mammekomplex net méi ausführlech erklärt ginn ass, dass hätt villäischt fir méi „Versteesdemech“ gesuergt.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s