Das Porzellan Mädchen

Dësen Psychotriller kënnt ganz ouni Polizei oder anerem Ermëttler aus, eis Protagonistin ass d’Luna, d’Affer.
Hatt gouf mat 16 Joer vun engem Mann verschleppt a mësshandelt, kuerz viru sengem Doud konnt hatt fortlafen, den Täter konnt ni ermëttelt ginn.
Iwwer zéng Joer méi spéit ass hatt eng berühmten Thrillerautorin.
Hatt huet sech fir säin nächstent Buch an déi Hütt verzunn, déi him deemools zum Verhängnis ginn ass, al Dämonen verfollegen hatt bis an de Schlof.
Net grad evident, dass hatt senger beschter Frëndin versprach huet, fir zwou Wochen op de Leon opzepassen.
Den Teenager liest heemlech am Luna sengem onverëffentleche Manuskript, d’Geschicht ass him allerdéngs net ganz geheier.
Him falen nämlech ganz vill Paralellen zum Luna op – ass den Text ieren autobiographesch?
Wann dat de Fall ass, ass hien a Gefor?
Och mir Lieser hunn Abléck an dem Luna säi Manuskript, et besteet d’Vermutung dass déi jonk Autorin d’Vergaangenheet net richteg bewältegt kritt huet, an elo net méi tëscht Fiktioun a Realitéit trenne kann …
Dat fanne mir all eraus – mat der Zäit, et ass scho bal ze spéit fir d’Luna an de Leon.
Ouni Zweifel, de Roman ass spannend geschriwwen a säiteweis richteg grujeleg …
Dat läit zum Deel un enger Porzelléinpopp, se spillt natierlech och eng grouss Roll am Luna sengem Liewen, an och am Manuskript.
Mir wëssen, se ass net lieweg, mä mir kënnen dat Béist, wat aus hier ausstraalt scho bal kierperlech spieren.
Ech hunn et genoss.
Hoffe mir alt, dass d’Luna staark genuch ass, fir de Kampf mat sengem Dämon, dem Insekt opzehuelen …

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s