Save me

Dëse Roman vum Mona Kasten huet e bëssen vu Cinderella a sech – een aarmt Mädchen aus der Ënnerschicht trëfft ee räichen, arrogantene Schnösel.
Et ass dem Ruby an dem James hier Geschicht.
Ewéi esou dacks an dëse Romaner, kënne sech déi zwee Protagonisten fir d’éischt guer a glat net richen.
Mëssverständnisser suergen dofir, dass se sech kee Meter trauen, si denken dat allerschlëmmst vuneneen.
Et kënnt allerdéngs dee Moment, wou si mierken, dass se charaktlech guer net esou iwwel sinn wéi geduecht.
Si loossen hier Viruerdeeler falen a loossen sech op déi nei Situatioun an.
Natierlech kréien si vill Steng an de Wee geluecht,
‚Save Me‘ ass den Ufank vun enger Trilogie, een Happy-End gëtt et elo nach net.
Leider …
D’Ruby ass eng kleng gro Maus, den James mengt duerch säi familiäre Räichtum, dass hien alles kréie kann, wat e wëll – leider muss hien am Buch d’Erfarung maachen, dass Geld d’Gesondheet an eng glécklech Famill net ersetzt …
Wäert hien domat eens ginn?
Oder zitt hie sech zréck?
Kann d’Ruby hie mat senger Léift retten?
Géigesäz zéie sech jo bekanntlech un, mä geet dat duer?
Ech wënschen hinnen zwee et ❤
Dem Mona Kasten säi Schreifstil ass angenehm, ech hunn d’Buch an engem Zock duerchgelies, dat zweet läit scho prett an den drëtten Deel kënnt Enn August op de Marché.
No enger Rëtsch Horror-Thriller-Bicher, war dëst Buch, genee dat Richtegt fir erofzekommen.
Och wann d’Buch an d’Kategorie New Adult fält, gëtt d’Geschicht net duerch zevill Sex dominéiert – Gott sei Dank!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s