Dësen Psychothriller ass wierklech net schlecht – och wann e säiteweis liicht konstruiéiert wierkt.
Heiansdo ass et e bëssen zevill …
Ech hu mech allerdéngs gutt ënnerhale gefillt.
D’Susan fänkt no senger Entloossung aus der forensescher Psychiatrie een neit Liewen un.
Hatt war e puer Joer agespart, seng postnatal Depressioun huet hatt dozou bruecht, säi klenge Jong Dylan z’erstécken.
Säin Neiufank besteet och aus engem neien Numm, mä op den éischte Säiten stellt sech eraus, dass eng aner Identitéit näischt bréngt, seng Post ass nämlech un d’Susan adresséiert.
An der Enveloppe befënnt sech eng Foto vun engem klenge Jong.
Soll dat säi Bouf sinn?
Liewt en nach?
Wéi kann dat sinn?
Oder huet d’Susan eng ferme mat der Ratsch?
Hatt begëtt sech op d’Sich no der Wourecht …
Mä verdréit hatt se?
Wien wëll him Béises?
Wat ass deemools wierklech geschitt?
Hatt zweifelt u sengem Verstand.
D’Susan war mir direkt sympathesch, ech war mir sécher, dass hatt net geckeg ass.
Oder ieren ech mech?
Wien huet dëst dreckegt Spill mat him gespillt?
Huet säi Mann eppes domat ze dinn?
Gëtt et een Happy-End?
Zesummen mat senger beschter Frëndin Cassie, an dem Reporter Nick probéiert d’Susan d’Äntwerten op dës Froen ze fannen.
Natierlech kréie si Steng an de Wee geluecht, d’Gefor an den Dout kënnt ëmmer méi no.
Iwwerliewen si?
Fannt et eraus – ech empfehlen et ganz gäre weider.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s