Escape

De Klappentext an déi éischt puer Säiten verroden eis scho ganz vill – et gëtt traumatesch.
Fir d’Lainey, fir dat vermësstent Meedchen a fir de Lieser.
Virun 10 Joer ass d’Lainey gerett ginn, hatt war 3 Joer laang an engem Keller gefaangen.
Bei senger Rettung war eng Saach fuerchtbar schlëmm – hatt war schwanger!
Elo, no all deene Joeren, kënnt hatt sou just duerch d’Liewen, säin Traumata huet hatt nach laang net hannert sech gelooss.
An et kënnt nach schlëmmer – et gëtt erëm e Meedchen vun zéng Joer entfouert – säi Meedchen, hatt hat d’Olivia zur Adoptioun fräiginn.
Dat ka keen him verdenken …
War et dee selweschten Täter?
Ee Polizist hëllt Kontakt mam Lainey op, hatt gëtt gebueden, der Polizei bei der Sich ze hëllefen – an enkem Kontakt mam Olivia sengen Adoptivelteren.
D’Lainey ass nach ëmmer staark psychesch ugeschloen, hatt lieft net, mä fonktionnéiert just – hatt ass gebrach …
Pëllen halen hatt um Liewen.
Zerbrécht hatt net, wann hatt sech sengen alen Dämonen stellt?
Huet hatt nach eng Zukunft?
Ech fannen, dass seng posttraumatesch Belaschungsstéierung gutt duergestallt gouf, mir fillen mam Laine mat.
Et ass scho bal voyeuristesch …
Wéi schrecklech muss dat an deem Keller gewierscht sinn?
Kann eng futtis Séil iwwerhapt nees gefléckt ginn?
Wéi emotional gëtt et, wann hatt d’Adoptiveltere vu sengem Meedche kenneléiert?
Wéieng Iwweraschung erlieft hatt do?
Geréit d’Situatioun ausser Kontroll, oder huet jiddereen seng Gefiller am Grëff?
Gëtt d’Olivia fonnt?
Ass et gesond a monter?
Firwat huet dat Monster d’Olivia entfouert?
Weess hien, dass en de leibleche Papp vum Kand ass?
Op der Sich nom Olivia, stellt de Lieser sech dacks d’Fro, ob d’Kand villäischt e puer schlecht Genen vu sengem Papp geierwt huet …
Wéieng Geheimnisser ginn nach opgedeckt?
Huet d’Lainey eppes domat ze dinn?
Oder ass hatt no all där Zäit nees een Affer?
De Schluss huet mech iwwerascht – et war dee perfektenen Ofschloss …
Ech gouf ouni Wierder hannerlooss.
Gitt op d’Sich nom Olivia, léiert d’Lainey kennen, Dir wäert iwwerascht sinn!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s