Während dem Liesen vun dësem Buch hat ech ufanks dacks d’Gefill mir géif eppes feelen, nodeems ech zréck op déi éischt Säiten gewiesselt hunn, ass mir opgefall, dass ech den zweeten Band vun enger Trilogie liesen.
Ech wollt mir den éischten Deel bestellen, allerdéngs hunn ech den Text esou spannend fonnt, dass ech awer weider gelies hunn.
An et huet mir net leed gedoen, d’Final wäert ech och nach liesen.
Mol kucken …
Ech hat just heiansdo de Problem, dass ech mat de Charakteren duerchernee geroden sinn, an dëser Geschicht geet et ëm Parallelwelten, soumat gëtt et d’Persounen zweemol.
Och wann et quasi déi selwescht sinn, se ënnerscheeden sech duerch kleng Eenzelheeten an hierer Liewensweis.
D’Ve heescht an där an anerer Welt Nicky, si sinn an deenen zwou Welten an de Finn verléift (an deen vun der jeweils anerer Welt …).
Hiere Papp ass Wëssenschaftler, hien huet d’Dier zu där anerer Welt an d’Wuermlach entdeckt.
Ausserdeem ass hie spuerlos verschwonnen, ee béise Konzern ass op der Sich no senge Notizen.
D’Mamm heescht Karla, an der enger Welt ass se Alkoholiker, an där anerer, ass si erfollegräich Geschäftsfra.
Si erkrankt déidlech, et gëtt just eng Persoun, déi hiert Liewe rette kann – nämlech hieren aneren Ech.
D’Ve reest dohinner, a geheit dem Finn an dem Nicky säi Liewen op d’Kopp.
Wéi reagéiert d’Karla op d’Erklärung vu sengem Meedchen?
De béise Konzern huet och matkritt, dass d’Dier tëscht de Welten nees opgemaach ginn ass, dat vereinfacht d’Situatioun net, et gëtt geféierlech …
Traue si de richtege Leit?
Oder fale si op d’Doppelgänger aus der anerer Welt eran?
Dir gesitt, et ass een eenzegen Kuddelmuddel, et ginn nach aner Charakteren, déi am Buch (2 mol) eng wichteg Roll spillen.
Mä et gëtt een awer gutt eens, de Lieser brauch just een Ament fir sech un dës Bicherwelten ze winnen.
Hutt Dir Loscht et auszeprobéieren?

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s