D’Quincy Carpenter ass ee Final Girl.
Final Girls nennt ee jonk Meedercher, déi déi lescht Iwwerliewend an engem Horrorfilm sinn.
An dësem Buch huet d’Presse ugefaangen, dräi Meedercher no hieren Erliefnisser esou ze nennen.
D’Quincy schéngt säin Trauma iwwerwonnen ze hunn, hatt huet e Frënd an ee Bakblog.
Niewt Xanax hëlleft baken him, mat sengen Gefiller eens ze ginn.
Eng Noriicht geheit seng ganz Welt op d’Kopp, anscheinend huet d’Lisa, ee Final Girl sech d’Liewen geholl.
Firwat?
Him ass et dach gutt gaangen …
D’Sam, dat drëtt aus där Band ass viru Joeren ënnergetaucht, d’Quincy ass verwonnert hatt viru senger Hausdier stoen ze gesinn.
Huet hatt eppes mam Lisa sengem Doud ze dinn?
Firwat wullt hat esou am Quincy sengen psycheschen Wonnen?
Weem seng Grenzen wëll hatt testen?
Dir kommt bestëmmt net drop …
Gott sei Dank huet d’Quincy de Coop, dee Polizist, deen him viru Joeren d’Liewe gerett huet.
Deen ass nach ëmmer fir hatt do …
Huet hien ieren een Hannergedanken?
Well d’Quincy sech net méi u säi Massaker erënnere kann, komme vill Froen op …
Wat ass deemools geschitt?
Huet d’Quincy eppes domat ze dinn?
Firwat huet hatt als eenzegt iwwerliewt?
A Réckblécker liese mir e bësse méi dovunner, Liicht kënnt an d’Donkelheet, allerdéngs kommen nach méi Froen op.
Ech hat e puer Theorien, ech loung all Kéiers falsch – dat mécht dëst Buch esou gutt – de Schluss, deen een net komme gesäit …
De Schreifstil ass genial, ech hunn d’Buch an engem Zock gelies!
‚Final Girls‘ ass ee Psychothriller, deen de Lieser vun der éischter Säit u fesselt an ouni Wierder hannerléisst.

 

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s