‚Vertrauen und Verrat‘ ass een historeschen, fantasteschen Jugendroman.
An dëser Welt ass et üblech, dass sech déi besser Leit, hieren Ehepartner vun enger Kupplerin eraussiche loossen.
Eis Protagonistin Sage, ass elo an deem Alter, wou een deen éischten Rendez-vous mat där héiger Kupplerin soll hunn, säi Monni huet dat fir hatt arrangéiert.
Leider si seng Virstellungen vun engem Bestiednis (an der Léift) zimmlech romantesch, hatt ass der Meenung, dass ee säi Mann fir d’Liewen och eleng fanne kann.
Soumat geet d’Gespréich mat der Kupplerin no hanne lass, si wëll d’Sage net vermëttelen.
Et ass allerdéngs iwweraschend, dass d’Kupplerin d’Sage als Léiermeedchen wëll, hatt huet nämlech eng gutt Mënschekenntnis.
Also ginn déi aner Fraen vun him ënnert d’Lupp geholl …
D’Verkuppelungsversich an dee berühmtene Bal geroden an den Hannergrond, ewéi sech erausstellt, dass an Demora ee Krich virun der Dier steet.
Eis zweet Perspektive ass ee Grupp Zaldoten, si eskortéieren d’Fraen op hierer Rees.
Soumat gëtt et nach eng militäresch a politesch Erzielweis.
Se ass nach méi spannend.
Dee Grupp Männer huet mir gutt gefall, zumools den Ash huet all meng Sympathie gewonnen.
D’Männer sinn och undercover ënnerwee, si spionéieren.
Well si dobäi Tarnnimm benotzen, ass et un eis Lieser erauszefannen, wien wien ass, dat stellt kee groussen Problem duer.
Oder dach?
Ech hu mech täusche gelooss …
Et ass bewosst, dass de Krich Affer fuerdert, et huet mech dunn awer traureg gestëmmt.
Mä wien ass de Verräter?
Dës total ënnerscheedlech Gesellschaftsmëschung suergt fir allerhand Stëmmung a Gespréichsstoff.
De Buchcover passt richteg gutt bei d’Geschicht, ech fannen awer, dass d’Bild, déi gefesselt Fra am Hochzäitskleed zevill un Zwangsbestiednisser denke léisst.
An eiser Geschicht ass dat net de Fall, d’Verkuppelen geschitt op fräiwëlleger Basis.
D’Geschicht ass den éischten Deel vun enger Trilogie, villäischt léiere mir Demora an Ëmgéigend an deenen nächsten Deeler nach besser kennen.

 

 

 

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s