D’Atmosphär vun dësem Buch ass vun Ufank un düster – a mat de Säiten gëtt et net besser …
Eigentlech soll et een Psychothriller sinn, ech fannen, d’Geschicht ass ze dramatesch dofir …
Mir begleeden d’Irini op senger Sich no Äntwerten.
Hatt gouf mat dräi Joer vu sengen Elteren ofginn, seng Tatta huet sech vun do un ëm hatt gekëmmert.
Seng Schwëster Elle huet dierften Deel vun der Famill bleiwen.
Firwat?
Dës Fro begleed d’Rini säi ganzt Liewen, elo wou hatt a seng al Heemecht fiert (op d’Begriefnis vu senger Mamm), huet hatt d’Hoffnung endlech Äntwerten ze kréien.
Mä wäerten se him gefalen?
Oder verléiert hatt d’Hoffnung ganz?
D’Elle konnt seng kleng Schwëster an der ganzer Zäit net lass loossen, d’Irini ass dacks geplënnert, hatt war säi Liewe laang virun him op der Flucht, seng Schwëster ass him net geheier.
Hatt ass manipulativ, grausam, an extrem besëtzergräifend, am Fong huet hatt zwee verschidde Gesiichter.
Et ass erschreckend ze liesen, wéi d’Elle seng Famill virun allem a jidderengem ofkapselt.
Läit am Elle sengem Verhalen de Schlëssel zum Rini senger Vergaangenheet?
Wollten seng Elteren hatt just schützen?
Wéi wäit wäert d’Elle goen, fir d’Rini vun der Wourecht ewech ze halen?
Kënnt nach een zu Schued?
D’Äntwert wäert Iech schockéieren!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s