Miss Gladys und ihr Astronaut

Ech si verléift – kuckt Iech dee Cover un, d’Faarwen, d’Figuren, en erzielt eng ganz Geschicht.
Fir mech symboliséiert d’moove Faarf de Weltraum, et gesäit ee jo kloer d’Stären, eise Protagonist Major Tom klëmmt aus enger Téitaass, dat kéint fir seng telefonesch Kaffiskränzecher mam Gladys stoen.
Ee Bléck op de Klappentext versprécht eis och eng aussergewéinlech Geschicht, déi de Lieser beréiere wäert …
Hält e säi Verspriechen?
Et ass definitif ee Buch fir d’Häerz, fir Kierper a Séil.
Den Thomas ass ee richtegen Misanthrop, hien kann d’Äerd, de Kaméidi an zumools seng Bewunner net ausstoen, et ass kee Wonner, dass ee sech fräiwëlleg fir eng Marsmissioun meld, selbstverständlech ouni d’Méiglechkeet nees heem ze kommen.
Um Wee dohinner, wëll hien seng Ex-Fra uruffen, a verwielt sech.
Esou mécht d’Gladys Bekanntschaft mam Thomas.
Dem Gladys a senger Famill steet d’Waasser bis zum Hals, säi Bouf ass am Prisong, hatt huet déi Zäit d’Suergerecht fir seng zwee Enkelkanner, si mussen aus hierem Doheem eraus a seng Gesondheet ass och net méi déi bescht, zumools d’Gedächnis léisst hatt ëmmer méi am Stach.
Kee Wonner, dass d’Kanner him d’Telefonsgespréicher fir d’éischt net ofkafen, dat ännert sech awer nach.
Währenddeems de Major Tom am wäiten All ënnerwee ass, suergt hien dofir, dass dem Gladys seng Famill net aussernee brécht.
Si gi Frënn, halen zesummen, si di sech gutt.
A Réckblécker gi mir gewuer, firwat den Tom esou ee Granzsak ass, d’Geschicht gëtt aus verschiddenen Charakterperspektiven erzielt.
D’Buch thematiséiert Mobbing, Famill, Frëndschaft, de Glawen, d’Léift, d’Liewen, an nach esou vill méi.
Et reegt zum Nodenken un – an net nëmmen e bëssen.
Et ass witzeg, Dir wësst jo – Laachen ass gesond, ech fille mech ewéi nei gebuer.
D’Buch huet mech beandrockt!❤📚

 

 

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s