Am Maryse Krier sengem Buch ‚Die verbleibende Zeit‘, léiere mir ee gewaltegen Feind vum mënschleche Kierper kennen – de Kriibs.
Mir begleeden d’Sara bei den Dokter, hatt fillt sech a leschter Zäit dacks midd, hatt ass onkonzentréiert, wahrscheinlech ass hatt just iwwerschaft, a brauch méi Rou.
Denkt hatt.
Mir sinn dobäi, wann hatt d’Diagnose Leukämie kritt, mir fillen mat him, wa seng Welt zesummebrécht.
Fir eng kuerz Dauer si mir Deel vun der Famill.
Duerch der Madamm Krier hier Schreifweis, erliewt de Lieser, wéieng Auswierkungen dës Diagnose op säin Ëmfeld huet, d’Angscht, d’Verzweiflung, d’Roserei, d’Kämpfen, alles läit no beieneen.
Stierwen, net stierwen?
Liewen?
Wéi geet et weider?
A kursiver Schrëft liese mir d’Gedanken an d’Gefiller vu sengem Mann, sengem Meedchen, senger Mamm an och vu senger beschter Frëndin.
Och wann d’Sara dat Krankt ass, Auswierkungen huet dëst op all eenzelnen vun hinnen, dat gëtt ganz gären vergiess.
D’Buch ass an véier Deeler opgedeelt, Diagnose, Eiszeit, Auszeit an Dialog.
Op deenen 176 Säiten ass genuch Plaz, fir all Facette vun dëser Krankheet ze beliichten – zumools de Moment no der Remissioun liest sech ganz emotional.
Eréischt dann, kritt d’Sara Zäit ze verstoen, wat mat him, sengem Kierper a senger Famill passéiert ass.

Firwat recommandéieren ech d’Buch?
Ech fannen et hëlleft.
Betraffener, sief dat krank oder gesond, fille sech net aleng.
Gesond Mënschen, déi den Ament net dovunner betraff sinn, léieren d’Liewen villäischt e bëssen méi ze schätzen.
Zäit ass nämlech ee Geschenk – dat wichtegst iwwerhaapt.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s