Dark Noise

Bei ‚Dark Noise‘ hu mir déi éischt Kapitelen een allwëssenden Erzieler an der drëtter Persoun.
Hien erzielt eis eng Geschicht – dem Zafer seng Geschicht.
An dat souguer an enger flotter philosophescher Ausdrocksweis, dat hätt ech net vun dësem Jugendbuch erwaart, schon aleng dat, mécht d’Geschicht liesenswäert.
Den Zafer ass ee vun eisen Protagonisten.
Hien schafft freiberuflech als Retuschéier um Computer, hie ka mat senger Tastatur a mat senge Programmer Wonner vollbréngen.
Saachen verschwanne loossen?
Kee Problem!
Aner Saachen afügen?
Datum an Auerzäit änneren?
Dat ass alles kee Problem fir den Zafer.
Dat stëmmt nodenklech …
Scho krass, wéi einfach dat geet – do kënnt mir instinktiv d’Wuert ‚Lügenpresse‘ an de Kapp.
Et kënnt een net derlaanscht sech ze froen, wat vun eisen Noriichten wouer ass – a wat net.
Wéi gi mir manipuléiert?
Gesäit esou eis Zukunft aus?
Si mir just Marionetten an engem Spill?
Den Zafer fënnt leider ze spéit eraus, dass hien dee falschen Optrag ugeholl huet, säi Video ass elo an den Noriichten, seng agefügten Persoun gëtt verdächteg ee Mann ëmbruecht ze hunn.
An beemol stécht hien matzen an enger Verschwörung an engem Kriminialfall.
D’Athmosphär ass düster, villes spillt sech am Däischteren of.
Eis allwëssend Persoun wiesselt no enger Zäit an d’Ich-Perspektive, d’Emily ass deen anere Protagonist.
Hatt begéint dem Zafer zoufälleg, tatsächlech sinn hier Weeër méi matenee verbonnen, wéi se ufanks mengen.
D’Emily schéngt villes ze verstoppen, sti si iwwerhaapt op der selwëschter Säit?
Wiem kënne si trauen?
Oder manipuléiere se sech géigesäiteg?
Fannt et eraus 😉

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s