Der Himbeerzwilling

Bei dësem Buch stécht engem de Buchcover direkt an d’An, et gesäit een eréischt op den zweeten Bléck, dass de Mond net mat Blutt, mä mat Hambieren verschmiert ass.
Domat passt e perfekt bei den Titel, den Effekt dréit och dozou bäi, dass een esou fierwëllzeg gëtt, an de Klappentext liest.
Och tëscht de Buchdeckelen stécht vill méi, wéi ufanks geduecht.
Mir léieren den Fred an den Bert kennen, zwee Bridder.
Zwillingen.
D’Geschicht fänkt mat hierer Kandheet un, mir begleeden déi zwee duerch d’Joeren, d’Zäite verginn, an et gëtt eis ëmmer méi bewosst, dass si ënnerscheedlecher net kéinte sinn.
Dat richt no Gesëschterrivalitéiten, de Bert steet laang am Schiet vu sengem Brudder.
D’Schreifweis vum Här Link ass ganz einfach gehalen, d’Buch ass mat genuch Dialog gefëllt, et ass ee ganz séier mat Liese fäerdeg.
Hien schreift knackeg, knapp, bréngt et op de Punkt.
Fir den Zwillingen hier Geschicht z’erzielen, huet den Auteur sech déi däitsch Sproch erausgesicht.
D’Säz ginn dacks vun engem ironeschen Ënnertoun begleed.

Blutt ass méi déck wéi Waasser, an et bleiwt um Lieser erauszefannen, ob de Fred an de Bert hier gëlle Mëtt fanne wäerten.
Oder bleiwt villäischt ee vun hinnen op der Streck?

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s