Nom éischte Bléck op de Buchcover vum Christiane Grün sengem Buch Clodo, huet een den Androck, dass eis keng frou Geschicht erwaart.
Ee Bléck op de Klappentext an op d’Illustratiounen verstärkt dësen Androck, dem Lieser gëtt direkt bewosst, dass d’Realitéit a Form vun dëser Erzielung un eiser Dir klappt.
An dat ass gutt esou!
Clodo – ee Wuert, zwou ënnerscheedlech Bedeitungen.
D’Claude huet zéng Joer a säi Spëtznumm ass Clodo.
Esou wéi hatt genannt gëtt, esou fillt hatt sech och.
Ellen, net gutt genuch fir dës Welt.
Verständlech, dass hatt doduerch Mannerwäertegkeetskomplexer huet.
An do ass den Daniel.
Hien ass ee Strummert, ee Clodo eben.
Enges Dages kräizen sech hier Weeër, d’Claude schwätzt den Daniel un, lues entwéckelt sech eng éierlech an aussergewéinlech Frëndschaft.
Flott un dësem Buch sinn d’Hannergrondinformatiounen, déi de Lieser zu der Stëmm vun der Strooss an dem Treffpunkt kritt, dat mécht dëse fiktiven Text, zu enger realer Geschicht.
Et brauch e just d’An opzemaachen, da gesäit een se.

Den Text liest sech einfach, séier, mä d’Claude an den Daniel geeschteren engem nach laang am Hannerkapp ronderëm.
Ech weess net, wat e méi beréiert, dat trauregt, klengt Meedchen, oder dee Mann, deen näischt huet – ausser sengem groussen Häerz, a senger Liewenserfahrung.
Et ass ee Buch iwwert Toleranz, Viruerteeler, Nächsteléift, a virun allem iwwert Mënschlechkeet, déi leider op ville Plazen feelt.
Léiert eppes draus!
Ech schléisse mech der Madamm Oxacelay aus dem Virwuert un – och ech, géif mir dëst Buch als Schoullecture wënschen.
Problemer mam Franséischen?
Kee Problem, déi lescht Säiten enthalen een detailléierte Lexika.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s