Gwendys Wunschkasten

‚Gwendys Wunschkasten‘ vum Stephen King ass mat sengen knapp 130 Säiten, éischter eng kleng Geschicht fir zwëschenduerch.
Leider feelt och den typeschen King-Thrill, e puer Honnert Säite a méi Actioun, hätte bestëmmt net geschued.
D’Gwendy begéint op senger alldeeglecher Lafronn engem frieme Mann – de Mr. Farris, hien schenkt him ee wonnerschéine Wonschkasten, mat ville Knäppecher, 2 Hiewelen a Magie.
Wann een d’Hiewelen dréckt, kënnt entweder ee klengt Stéck Schokela oder eng antik Mënz eraus.
D’Knäppercher hu verschidde Faarwen, se sinn zerstéieresch, an däerfen just am Noutfall gedréckt ginn.
An d’Fanger ewech vun deem schwaarze Knapp!
D’Geschicht spillt sech an Zäit vun 10 Joer, d’Kapitelen hu knapp 3 Säiten.
Eigentlech gëtt d’Gewendy gemobbt, hatt ass pummeleg, seng Eltere si net glécklech zesummen an hatt huet Selbstzweifel.
De Schokela an d’Këscht hëllefen dem Gwendy, hatt hëllt of, ass sportlech, gëtt gutt an der Schoul, him a senger Famill feelt et un näischt.
Ass et net villäischt de Glawen u sech selwer, dee säi Selbstvertrauen esou gestäerkt huet?
Fonktionnéiert d’Këscht iwwerhapt?
Se dominéiert op jidde Fall säi Liewen, se däerf net an déi falsch Hänn geroden, déi ganz Welt läit am Gwendy senger Hand.
D’Gwendy huet an all där Zäit just 2,3 mol de Knäppchen gedréckt, et ass un Iech erauszefannen, wat dobäi geschitt ass.
A firwat kënnt keen an d’Versuchung dee schwaarzen Knapp ze drécken?
Mech hätt interesséiert, wat da geschitt wier.
Kann et sinn, dass d’Buch eis weist, oder drun erënnert, dass een virun Entscheedungen gutt nodenke soll?
Dass alles Konsequenzen huet, souguer Klengegkeeten?
Wat denkt Dir?

 

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s