D’Bomi ass dout, ass mat senge knapp 86 Säiten, eng kleng Geschicht fir zwëschenduerch.
Ech war ganz séier fäerdeg – leider.
Et wier flott gewierscht nach e puer Kapitel un de Schluss unzehänken, ech hätt gären nach weidergelies, ech hu mech gutt ënnerhale gefillt.
De Buchtitel huet getäuscht, ech hätt mat méi Drama gerechnet, de Jos Kayser huet mir awer eng humorvoll Vakanzegeschicht zerwéiert.
Eise Protagonist heescht Julien.
Hien huet 9 Joer, an eng grouss Aventure viru sech – déi éischt Vakanz …
Allerdéngs nëmmen zu Ostende a mat der Bomi zesummen, mä ëmmerhin ass et Vakanz.
De Julien spillt gäre Schach, hien ass ee gescheitene Kärel.
An een zimmlechen Eenzelgänger.
Schonn um Wee fir dohinner, mierkt ee séier, dass net alles ronn wäert lafen, et kënnt ee Mëssgeschéck nom aneren.
Ech hunn dacks missen schmunzelen.
De Lieser freet sech, wiem de Gedoldsfuedem fir d’éischt räisse wäert …
Dem Papp, der Mamm, dem Julien, oder der Bomi?
Oder hunn se hier Emotiounen awer all am Grëff?
Et bleiwt net aus, dass de Lieser selwer u seng éischt Vakanz zeréckdenkt – oder sech an Erënnerungen un d’Groussmamm verléiert.
Den Titel spoilert e bëssen, e verréit eis, wat mat der Bomi geschitt, an awer gi mir vum Dout iwwerascht.
An elo?
Duerch d’Ironie an den Humor tëscht den Zeilen, schléit eis d’Handlung net zevill op de Mo, mir erënneren eis un d’Liewen, akzeptéieren den Dout als Deel dovunner.
D’Buch ka vill soen – wann een tëscht den Zeilen liest.
Mech huet et beréiert!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s