FB_IMG_1530638977841

Ewéi déi aner zwee Deeler vum Marah Woolf senger Trilogie ukomm sinn, hunn ech mir virgeholl, se esou lues wéi méiglech ze liesen – ech wollt laang eppes vun dëser Götterwelt hunn.
Dat ass mir net gelongen, ech hunn duerchgelies.
Stonnelaang, ech war nees vollkommen gefesselt.
Ech hat op een Happy End gehofft an hunn en och kritt – fir mech, a fir d’Jess an de Cayden.
Bei Bicherreien besteet dacks d’Gefor, dass de läschten Deel, déi ganz Geschicht verschäisst, mä hei war alles perfekt! ❤
Ech hu mech wuel gefillt, ech hunn der Autorin hier Schreifweis immens gären.
D’Charakteren sinn net langweileg, d’Kombinatioun Mënsch a Gott féiert zu villen witzegen Konversatiounen, de Kappkino ass fantastesch.
Schued, dass dat elo eriwwer ass!
An dësen Deeler kommen e puer Charakteren dobäi, flott ass, dass verschidden Themen vum éischte Band verdéift ginn – zum Beispill d’Alkoholsucht vum Jess senger Mamm.
Mir léieren och nach villes vun der grieschescher Mythologie, et ass eng Mëschung tëscht Fiktioun a Realitéit.
Ee flotten Spagat.
Niewt der Liibesgeschicht tëscht dem Jess an dem Cayden, fanne sech mat der Zäit nach aner Koppelen, et trennen sech der, den Zeus gëtt gestierzt, verschidde Götter kommen net méi an den Olymp, anerer sinn am Tartaros gefaangen, et gëtt keng roueg Minutt.
An dann huet den Zeus ee Verräter a sengem noosten Ëmkrees, ech si frou, dass et net ee vu menge Favoritte war.
Mä dat mécht et och net besser, ech konnt et net gleewen, wéi e säi richtegt Gesiicht gewissen huet.
Ech war enttäuscht, dat hätt ech him net zougetraut.
De Schluss vum drëtten Deel weist eis, wat fir ee Gott den Zeus ass.
Verzeiht en?
Léiert en aus senge Feeler?
Mécht hien et vun elo un anescht?

Loosst Iech iwweraschen 😉

D’Buchcoveren sinn och een Dram, se sollen eigentlech d’Jess weisen.
Fir mech passt dat net wierklech, fir mech gesäit d’Jess ewéi d’Merida aus (dee Verglach kënnt net vu mir, mä vun him).

Et sinn och Rezepter ass dësen Deeler ze fannen, dem Jess seng Schoko Cookies an ee Kuch vum Hera.
Leider ass et net säi legendären Zitrounekuch, deen hätt ech gär geschmaach – mä dat ass wuel ee Familljegeheimnis.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s