Ech oute mech elo – ech hunn ee Faible fir Zombieserien – The Walking Dead, Z Nation, ech hu villes dovunner gesinn.
Allerdéngs muss ech och zouginn, dass ech déi hefteg Zombiesszenen ewechdrécken, mech interesséiert éischter d’Geschicht ronderëm.
De Gruppenzesummenhalt, d’Iwwerliewen, d’Liewen.
Dofir huet dëst Buch mech fierwëllzeg gemaach, eigentlech ass dat jo guer net mäi Genre.
An et huet mech iwwerascht.
Dat läit gréisstendeels un den Zombien, d’Alice nennt se einfach Monster.
Si ginn aneschter duergestallt, ewéi an de Filmer, an dëser Geschicht existéieren se éischter op der Geeschterebene, si gräifen de Mënsch un, fir dat Gutt aus hinnen erauszesuckelen – fir se ze bekämpfen, mussen d’Jeeër an hier Geeschterform wiesselen.
Et kann och net jiddereen dës Zombien gesinn, et muss ee schonn een Don dofir hunn.
Si kommen nëmmen owes, wann et däischter ass aus hierem Verstopp.
Interessant Interpretatioun …
An der Geeschterform däerf net geschwat ginn, domat huet d’Alice allerdéngs ee Problem.
Hatt ass sarkastesch a riicht eraus.
Am Ufank vun Buch ass hatt nach Deel vun enger glécklecher Famill, dëst ännert sech no den éischten Säiten – de Grondsteen fir d’Buch ass geluecht.
Hatt fënnt séier eraus, dass säi Papp net geckeg a paranoid ass, et ginn dës hongereg Monsteren wierklech, zënter dass d’Alice deen éischte gesinn huet, ass hatt sech där Saach sécher.
A senger Schoul mécht hatt d’Bekanntschaft mat enger berühmt/berüchteter Grupp, de Cole ass de Chef vun dëser Band.
Mysteriéis ass, dass d’Alice eemol den Dag eng Visoun vun a mat him zesumme kritt – si kësse sech a bekämpfen dat Béist zesummen.
Natierlech ginn et Verloschter, de Grupp muss net nëmmen géint Zombien kämpfen, et existéiert eng Associatioun, déi näischt Guddes an der Kopp huet.
Et ass ee Jugendroman, d’Schreifweis ass net allze brutal, dem Alice an dem Cole hieren Humor suergen fir gutt Stëmmung beim Lieser.
Leider ginn net all Froen beäntwert – firwat dës Visounen, wiem gehéiert d’Dagebuch, aus deem d’Alice vill Notzen zitt, asw.
D’Buch ass den Optakt vun enger ganzer Rei, ech mengen, et si 4 Bänner, et bleiwen nach genuch Säiten an Zäit fir d’Wourecht opzedecken.
Ech si gespaant, ech hoffen, dass déi aner Deeler mech genee esou matrappe wäerten.

 

 

 

 

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s