Ier mir op d’Musel geplënnert sinn, hunn ech ee ganze Koup Bicher aussortéiert, elo wou ech endlech dozou komm sinn, Finderlohn vum Stephen King ze liesen, deet et mir leed, dass dës kleng Sammlung och dobäi war …
Ech hunn eng laang Stephen King-Paus gemaach, mä dëst Buch ass duergaangen, fir mech nees mam Virus z’infizéieren.
Es, Under the dome, Der Anschlag, Christine, Das Mädchen, Mr. Mercedes, Dreamcatcher, The Stand, Dolores, Carrie, Friedhof der Kuscheltiere, dat sinn der e puer, déi mir spontan agefall sinn, déi ech och gelies hunn.
D’Geschichten sinn all ënnerscheedlech a sou detaillräich ewéi keng aner Bicher …
Hätt ech dës Fantasie, géif ech nëmmen nach mat der Lut un schlofen.
An all Dier zougespart loossen …
D’Charaktere liewe richteg.
Duerch säin aussergewéinlechen Schreifstil, geroden d’Bicher dacks méi grouss, 500 – 800 Säiten ass fir den Här King normal.
Seng Texter erzielen net nëmmen eng Geschicht, tëscht den Zeilen steet och nach sou munch Wourecht, d’Liesen gëtt op kengem Moment langweileg – souguer wann e just beschreift, ewéi eng Bier ausgewiesselt gëtt.
An obwuel Maine tatsächlech ee Bundesstaat vun den USA ass, huet et, duerch dem King seng Geschichten e bëssen eppes vun enger Geeschterstad.
D’Textpassagen sinn net nëmmen grujeleg, et ass d’Kombinatioun tëscht der Realitéit an der Fiktioun, déi esou faszinant ass, de Lieser kënnt dacks un d’Nodenken – sief dat op politescher Ebene, oder wat seng Wäertvirstellungen betrëfft.
Och d’Richard Bachmann-Bicher hate grousse Succès.
Ech denken et ass un der Zäit, dem Stephen King, nees eng fest Plaz a mengem Regal ze schenken, verdéngt huet en sech et.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s