Die Stille meiner Worte

‚Die Stille der Worte‘ ass nees ee vun deene Bicher, déi ee soubal net méi lassgëtt.
Et ass eng roueg, intensiv, héichemotional Geschicht.
Dem Hannah seng Zwillingsschwëster Izzie ass virun e puer Méint bei engem Akkzident gestuerwen, zënterdeems ass d’Hannah stomm, him feelt net nëmmen d’Schwëster, d’bescht Frëndin, och seng Wierder si verschwonnen.
Et ass eng schwéier Zäit fir déi ganz Famill.
Zënterdeems schreift hatt dem Izzie Bréiwer, a verbrennt se dono.
Dës Bréiwer erzielen eis, wat d’Hannah net soen kann.
Si hunn Séil.
Seng Eltere wësse sech net anescht ze hëllefen, ewéi d’Hannah an ee Camp (Sankt Anna) fir Jugendlecher mat Problemer ze schécken.
Soll dat eppes hëllefen?
An dësem Camp léiert d’Hannah, dass hatt net dat eenzegt ass, wat Problemer huet, si sëtzen all am selweschte Boot.
Eisen zweete Protagonist ass de Levi, ee rouege Jong, säi lescht Joer Sankt Anna ass fäerdeg.
Hien ass vum Hannah faszinéiert, a géif d’Rätsel ëm seng Wierder gäre léisen.
Hie schwätzt vill mam Hannah, an der Hoffnung, dass hatt eemol spontan zeréckäntwert.
Dat ass leider net de Fall, mä duerch dem Levi seng Matmënschen gëtt hatt méi oppe fir seng Matbewunner.
Hatt schléisst puer Frëndschaften.
Et ass mäin éischt Buch vun dëser Autorin, d’Schreifweis erënnert mech e bëssen un d’Anne Freytag, d’Geschicht stécht voller Zitater, an och tëscht den Zeilen héiert een d’Hannah ganz haart jäizen.
Et kann een hatt net iwwerhéieren, och wann hatt roueg ass …
Ech war op seng éischt Wierder gespaant, ech hu gehofft, dass d’Verhältnis zu sengen Elteren sech nees normaliséiert.
Och säi Kueder, de Mo, hëlleft op seng Aart a Weis, d’Hannah huet e mat an d’Camp geschmuggelt.
Souguer d’Kapiteliwwerschrëften, kleng Säz, hunn eis ganz vill ze soen.
Dës Kéier hunn ech allerdéngs keng Nuesschnappecher gebraucht 😉

 

Am Fong muss ech mengem Mann Merci soen – ech sinn een zimmlecht Rouegt, ech hunn och ee Levi heiheem sëtzen, dee mech ouni Wierder versteet.

 

 

 

 

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s