Black Memory

D’Buch Black Memory huet fir een Thriller vill Facetten – et gëtt eng gutt an eng schlecht Säit, Doudesaffer, eng Verschwörung an e ganz bësse Mystery, Wësseschaft, a villäischt souguer Sci-Fi.
Deemno wéi een dat definéiert.
Eis Protagonistin Clare gëtt hallef dout aus dem Mier gefëscht.
Hatt huet Amnesie, a gëtt beschëllegt ee klengt Kand entfouert ze hunn.
Säi Meedchen Bonnie.
D’Sich no sengem Meedchen ass gleichzeiteg eng Sich no sengen Erënnerungen.
Wat huet hatt erlieft, dass säi Gehier sech mat engem Blackout schütze wëll?
Wat huet seng Aarbecht als Doktesch mam Bonnie senger Fähegkeet ze dinn? Wëll hatt sengem Kand hëllefen, oder ass hatt just ee Versuchskanengchen?
Ass Genmanipulatioun de Schlëssel?
Wiem kann hatt vertrauen, hatt muss sech jo blann op d’Ausso vu senge Matmënschen verloossen.
Si kennen hatt, mä d’Clare weess net, wéi wat wou …
Wien ass op senger Säit?
Wëll säi Mann him hëllefen, oder verfollegt en seng eege Pläng?
Ass seng Léift echt?
D’Geschicht gëtt aus dem Clare senger Perspektive erzielt, de Lieser kritt seng ganz Verzweifelung mat.
Wie wëll säin Dout?
Si verschidden Erënnerungen richteg, oder goufen se manipuléiert?
Spannend …
An dësem Roman ass näischt esou ewéi et schéngt, de Lieser vertraut (genee wéi d’Clare) bis op de leschte Moment deene falsche Leit.

 

Veröffentlicht in Heyne

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s