V wéi Vreckt, W wéi Vitess

V wéi Vreckt, W wéi Vitesse – s wéi super!
Dem Samuel Hamen säi Buch ass definitif liesenswäert, säi Protagonist Devid Risch ass eng Nummer fir sech (ech hunn tatsächlech een David Frisch kannt) …
Mir liesen vum Devid senger Gespréichstherapie, mir kucken dem Psychiater quasi iwwert d’Schëller.
A wat mir do héieren, ass nawell interessant an net vu schlechten Elteren.
Den Devid hat keen einfacht Liewen …
Ass hien esou duerch seng Erliefnisser? Firwat huet hien esou vill Problemer mat sengem Numm?
Wëll hien just Opmierksamkeet?
Den Devid preparéiert d’Gespréicher, hien ass de gebuerene Geschichtenerzieler – a Schreiwe kann hien och.
D’Erzielweis vum Buch huet mech dacks un dem Här Forgiarini säin ‚Amok‘ denke gelooss, béid Bicher si riicht eraus, vun der Long op Zong.
Verschidde Passagen loossen Iech d’Bake schéi rout ginn, ech hunn och e puer nei Ausdréck fonnt …
Amüsant un dësem Verglach, ass d’Tatsaach, dass eise Protagonist eng Liesung vum Här Forgiarini besiche geet.
Et stellt sech och d’Fro, wiem seng Voice-Mail vum Devid vollgesabbelt gëtt, d’Opléisung ass iwweraschend.
A passt!
Verroden maachen ech et net 😉
Hunn ech eng mat der Ratsch, well ech mech an där Geschicht esou wuel fillen?
Oder läit et dorunner, dass den Devid vill a menger aler Heemecht ënnerwee ass?
Bicher wéi dëst erënneren de Lieser drun, firwat Luxemburgensia méi (och) gelies soll ginn – se ass der Wäert!
D’Buch ass bei den Editions Guy Binsfeld erauskomm.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s