Sciene Fiction ass net esou menges, mä de Buchcover vun Moondust huet mech schéin ugelaacht.
D’Geschicht ass net nëmmen fantastesch, de Message huet een eeschthaften Hannergrond.
D’Aggie schafft op der Moundstatioun Lunar Inc, do gëtt Energie gewonnen, déi alles op der Äerd undreiwt – Lumite.
Kee weess, dass hatt virun zéng Joer eng Berühmtheet war, elo ass hatt ‚undercover‘.
Fir ee Krich ze verhënneren, gëtt vun him verlaangt, nees dës Roll unzehuelen.
Dass d’Aggie eigentlech op der falscher Säit steet, mierkt hatt, ewéi him dee Gefaangenen Danny iwwert de Wee leeft.
Mir huet dës erschreckend Welt ganz gutt gefall, d’Tatsaach, wéi realistesch d’Dystopie duergestallt gëtt, dréit ganz vill dozou bei.
Lumite gëtt nämlech genotzt, well eis Ressourcen op der Aäerd all opgebraucht gi sinn, d’Energie verhënnert, dass d’Mënschheet an Donkelheet a Chaos sëtzt.
An ouni Hoffnung.
Dem Aggie säin tollpatschegen Charakter deet de Lieser dacks schmunzelen, hatt mécht Saache futti, trëllt duerch d’Géigend a soll elo d’Welt retten …
D’Basis gëtt vum Celine gesteiert, enger künstlecher Intelligenz, déi alles ënner Kontroll huet.
Och d’Liewen um Mound gouf gleefhaft gezeechnet – et ginn Beben, een Dag um Mound sinn zwou Äerdwochen, …
De Schluss léisst op een zweeten Deel hoffen, et wier flott ze liesen, wéi d’Welt ouni Ressourchen a Lumite eens gëtt.
Ech si mir sécher, dass dat deen een, oder anere wakreg rëssele géif.
Mech huet et nodenklech gestëmmt.
Hudd Dir elo Loscht op eng Moundrees? 😀

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s